DëschtennisHouwald entscheet knappen Duell géint Recken fir sech, Berbuerg iwwerrascht Lénger

Jeff Birsens
E Sonndeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat den zweete Spilldag vun de Playoffs.
© AFP (Archiv)

Am Duell tëscht dem Drëtten an dem Véierten aus der Tabell huet sech Houwald no enke Partië mat 6:4 géint Recken duerchgesat. Vun Ufank un hu sech béid Ekippe mat hiren Topp-Spiller wéi erwaart op Aenhéicht gewisen. Relativ däitlech war duerno de Spëtzematch, deen de Benjamin Rogiers kloer mat 3:0 géint den Thomas Keinath vu Recken gewanne konnt. Recken huet awer weider gekämpft an am Verlaf vum Duell op 4:4 ausgeglach. D’Decisioun ëm d’Dagesvictoire sollt also am Dubbel falen, wou d’Ekipp um Houwald zweemol d’Iwwerhand behalen huet.

Eng iwwerraschend kloer Saach war et fir den DT Berbuerg, dee Lénger mat 6:0 iwwerrannt huet. De Vizechampion war no enger schwaacher Leeschtung um leschte Weekend als Underdog an dëse Match géint e formstaarke Géigner vu Lénger gaangen. Vun Ufank un huet Berbuerg awer mat enger staarker Leeschtung iwwerzeegt a konnt duerch den David Henkens an de Leandro Fuentes déi zwee éischt Matcher fir sech entscheeden. No weidere Victoirë vum Tom Scholtes a Loris Stephany war Berbuerg dann och am Dubbel net ze schloen.

Wéi erwaart huet sech dann nach Hueschtert-Foulscht mat 6:0 zu Lëntgen duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO