WTT Star Contender an IndienSarah de Nutte packt et mat staarker Leeschtung an d'1/2-Finallen

RTL Lëtzebuerg
D'Sarah de Nutte an de Luka Mladenovic hu sech an deene leschten Deeg op engem Tournoi an Indien mat internationale Spëtzespiller gemooss.
© AFP

Um WTT Star Contender am indeschen Chennai huet et d’Sarah de Nutte am Dammen-Dubbel bis an d'1/2-Finall gepackt. No enger knapper 3:2-Victoire an den 1/8-Finalle konnt sech d’Lëtzebuergerin mat hirer indescher Duo-Partnerin Ghosh Swastika och an enger ëmkämpfter 1/4-Finall géint den Duo Diya/Yashaswini mat 3:1 duerchsetzen. An den 1/2-Finalle war dann awer bei enger 0:3-Defaite géint ënner anerem d’Nummer 32 vun der Welt, d’Yokoi Sakura, zesumme mat der Aoki Sachi, Schluss. Am Eenzel huet sech d’Sarah de Nutte schonn an de 1/16-Finalle misse geschloe ginn. Do gouf et eng 1:3-Néierlag géint d’Nummer 43 Anna Hursey.

Och fir de Luka Mladenovic war den Tournoi am Eenzel an de 1/16-Finallen eriwwer. Hien huet sech misse mat 0:3 géint d’Nummer 52 vun der Welt, de Feng Yi-Hsin geschloe ginn. Am Dubbel-Mixte huet et de Lëtzebuerger zesumme mat der Jee Minhyung bis an d'1/8-Finalle gepackt, wou sech den Duo Akash/Kaushani aus Indien mat 3:2 behaapt huet.

Back to Top
CIM LOGO