UEFA Nations League 2026/27(On)attraktiv Géigner a Siicht fir d'Rout Léiwen
Fir déi nächst Nations League gëtt et zwee verschidden Zenarien. Alles wäert dovun ofhänken, wéi d'FLF-Formatioun sech am Playoff géint Malta aus der Affär wäert zéien.
Am internationale Futtball war en Donneschdeg den Tirage vun der nächster Nations League, déi vu September bis November dëst Joer wäert gespillt ginn.
Fir Lëtzebuerg kommen zwou Varianten a Fro:
- De Fall gesat, d’FLF-Selektioun wënnt am Mäerz de Playoff géint Malta, da bleift een an der Liga C. Deen Ament wieren d’Geigner Island, Bulgarien an Estland.
- Wann d’Rout Léiwen ofsteigen, géife se géint Andorra an géint de Verléierer aus dem Playoff-Duell tëscht Gibraltar a Lettland spillen.
Liest hei de Communiqué vun der FLF.