Me Prum reagéiert op Decisioun vu Verwaltungsgeriicht"Wa mer Recht kréien, da schloe mer zeréck", esou den Affekot vum Dr. Wilmes

Frank Goetz
Joel Detaille
Kevin Kayser
An engem Schreiwes reagéieren d'Affekote vum beschëllegten Dokter op d'Decisioun.
© RTL Lëtzebuerg

Temporär Suspendéierung bleift bestoen

Den orthopädesche Chirurg Philippe Wilmes bleift bis op Weideres suspendéiert. Dat huet d’Verwaltungsgeriicht decidéiert, nodeems d’Defense vum beschëllegten Dokter gefrot hat, déi temporär Suspensioun ze annuléieren.

Déi juristesch Decisioun géif een zur Kenntnis huelen a bedaueren, heescht et vun den Affekote vum Dokter an engem Schreiwes. D’Riichter hätten zeréckbehalen, dass déi virgeschriwwe Conditiounen, fir esou eng Suspensioun kënnen ze annuléieren, net all gi wieren.

Den Dr. Wilmes däerf domat bis den 22. Abrëll weider keng Operatiounen duerchféieren. Experte mussen déi verschidde Signalementer géint den Dokter elo analyséieren an decidéieren, ob et e sougenannte “Reproche d’ordre médical” gëtt oder net.

Den Affekotebüro vum beschëllegten Dokter léisst dann och wëssen, dass een, sollt sech erausstellen, dass d’Reprochë géint hire Mandant net fondéiert waren, déi Leit wäert usichen, déi dofir responsabel sinn.

PDF: De Communiqué vum Affekotebüro Turk & Prum

Defense reagéiert: Zeréckschloe géint déi, déi den Dokter Wilmes an dës Positioun bruecht hunn

Affär Wilmes: Maître François Prum reagéiert
Den Affekot vun der Defense iwwer d’Decisioun vum Verwaltungsgeriicht a wéi et elo nach weidergeet.

E Referee ass u verschidde Konditioune gebonnen, erkläert de Maître François Prum, an déi sinn och nach kumulativ. Zum Beispill huet d’Verwaltungsgeriicht de Schued aus verschiddenen Ursaachen “net definitiv an irreparabel” empfonnt, dat och, well den Dokter jo nach praktizéiere kéint, “andeems se kënne Consultatioune maachen, e kéint just nëmmen net operéieren.” Wat elo de Schued um Ruff ugeet, ass d’Decisioun geholl ginn, datt dëse jo net direkt duerch d’Decisioun vun der Ministesch entstanen ass, fir den Dokter Wilmes ze suspendéieren, mä “duerch dat, wat als der Decisioun ginn ass, am Grand public”, esou den Affekot weider, deen dëst als “indirekte Schued” bezeechent. Hie betount awer och, datt ee grad iwwert dëse Punkt net frou driwwer ass, well béides fir d’Defense enk zesummenhänkt.

Dat hei “ass just en Tëschelaf”, betount den Affekot weider, “wou mer probéiert hunn, fir eng Suspensioun vun där Decisioun ze kréien”. Et géif een elo net opginn, mä elo géif et un de Fong goen. “Entretemps si mer mam Ministère dobäi, fir Experten ze nennen, fir dann emol endlech d’Onschold vum Dokter Wilmes festzestellen, datt hien net ouni Indikatioun operéiert huet.” De Virworf, datt den Dokter Wilmes gesond Knéien operéiert huet an domadder Leit verstümmelt hätt, dat refuséieren d’Affekote vum Dokter. Dofir sollen d’Experte sech dann drop konzentréieren, fir erauszefannen, “ob hie gesond oder krank Knéien operéiert huet.

Sollt een da Recht kréien, datt den Dokter Wilmes onschëlleg beschëllegt gouf, wäert ee Recours virum Tribunal Administrativ maachen, fir “ze beweisen, datt mer Recht haten, datt d’Decisioun zu Onrecht geholl ginn ass”. Dono geet een der Saach op d’Spuer, fir ze kucken, wou dat Ganzt un d’Lafe komm ass. Wann den Dokter Wilmes sollt Recht kréien, “wou mer ganz staark dovunner ausginn, da musse mer natierlech do zeréckschloen. [...] Mir wäerte ganz staark géint déi Leit virgoen, déi hien an dës Situatioun bruecht hunn.



Weider Artikelen zum Thema

Back to Top
CIM LOGO