"3 vu 4 Hallschente waren an deenen zwee Matcher ganz enttäuschend"

Fir den Optakt an déi nei Saison ass den FLF-President Paul Philipp Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
De Jeff Kettenmeyer huet mat him iwwert déi zwou Néierlagen an der Nations League géint Nordirland a Belarus geschwat. Wéi ee sech elo am Oktober muss a wëll zeréckkafen, respektiv wéi wichteg et ass, de Public weider hannert sech stoen ze hunn. Donieft geet et och drëms, wéi een an Zukunft wëll Rou an de Kader kréien, dës Kéier gouf jo op en Neits de Gerson Rodrigues aus der Equipe gestrach. Op d‘Fro hin, ob de Luc Holtz sécher bis Enn vun der Nations League wäert op der Trainerbänk setzen, sot de Paul Philipp „Jo, kloer“.
Donieft geet et awer och ëm déi nei Champions League-Saison, déi jo reforméiert gouf. Déi zwee schwätzen iwwert d‘Favoritten a wéi den neie Spillmodus zu nach méi Matcher féiert.
De ganze Podcast mam Paul Philipp fannt dir op RTL Play.
Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.