En Donneschdeg ass et op der fënnefter a gläichzäiteg längster Etapp vun dësem Paris-Nice iwwer 206.3 Kilometer vu Cormoranche-sur-Sâone op Colombier le Vieux gaangen. Do huet op der Arrivée de frësche Maillot Jaune Jonas Vingegaard en solitaire d’Hänn an d’Luucht gehuewen, fir seng Victoire ze feieren. Den Dän hat ronn 20 Kilometer viru Schluss aus dem Peloton raus attackéiert a sech eleng un der Spëtzt ofgesat. No 4:29 Stonnen um Vëlo koum hie mat engem Ecart vun 2:02 Minutten op de Valentin Paret-Peintre an 2:20 op de Grupp mam Harold Tejada un.
Domat bleift hien am General de Leader, mat engem Virsprong vun 3:22 Minutten op den Daniel Felipe Martinez a 5:50 Minutten op de Georg Steinhauser.
Den Alex Kirsch gouf um Donneschdeg den 69. an den Arthur Kluckers den 71. Allebéid haten ee Retard vun 22 Minutten an 31 Sekonnen op de Vingegaard.
1 VINGEGAARD Jonas 4:29:01
2 PARET-PEINTRE Valentin 2:02
3 TEJADA Harold 2:20
4 MARTINEZ Lenny ,,
5 IZAGIRRE Ion ,,
6 MARTINEZ Daniel Felipe ,,
7 VAUQUELIN Kévin ,,
8 STEINHAUSER Georg ,,
9 RONDEL Mathys ,,
10 SOLER Marc ,,
69 KIRSCH Alex 22:31
71 KLUCKERS Arthur ,,
1 VINGEGAARD Jonas 17:22:06
2 MARTINEZ Daniel Felipe 3:22
3 STEINHAUSER Georg 5:50
4 VAUQUELIN Kévin 6:09
5 MARTINEZ Lenny 7:37
6 SOLER Marc ,,
7 IZAGIRRE Ion 9:02
8 RONDEL Mathys 10:06
9 BAUDIN Alex 10:16
10 ONLEY Oscar 11:23