Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans feiert mat Beveren fréizäiteg de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
Scho viru gutt zwou Wochen hat Beveren den Opstig an déi éischt belsch Liga fréizäiteg perfekt gemaach. Elo ass hinnen och de Championstitel net méi ze huelen.
De Laurent Jans hieft als Kapitän d’Coupe vum Championnat an d’Luucht.
© Foto von MAARTEN STRAETEMANS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

E Mëttwoch den Owend ass Beveren Champion an der zweeter belscher Liga ginn. Dat no enger 3:2-Victoire géint RWDM Bréissel, bei där de Kapitän Laurent Jans de Gol zur tëschenzäitlecher 2:1-Féierung virbereede konnt. Fënnef Spilldeeg viru Schluss ass d’Ekipp vu Beveren, déi dës Saison am Championnat ëmmer nach ongeschloen ass, un der Spëtzt also net méi anzehuelen. De Virsprong op den Tabellenzweete KV Kortrijk läit bei aktuell 20 Punkten.

Scho viru gutt zwou Wochen hat de Laurent Jans mat Beveren den Opstig an domat de Retour an déi 1. Liga fréizäiteg perfekt gemaach.

Back to Top
CIM LOGO