An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Volleyballspiller Gilles Braas Invité.

Den 32 Joer ale Volleyballspiller vum VC Stroossen ass Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. De Schoulmeeschter vu Beruff, war och Profi an Däitschland. Bei senge Statiounen zu Coburg an zu Düren huet de Gilles Braas Experienzen an der éischter an an der zweeter däitscher Volleyball-Bundesliga gesammelt.

"Als Amateursportler zu Lëtzebuerg liefs de zwee Liewen, däi Beruffsliewen an däi Liewen als Sportler. D‘Profiliewen ass dogéint relativ monoton; Schlofen, Iessen, Training, Iessen, Schlofen, Training, asw.", esou de Gilles Braas, deen och Jugendtrainer bei sengem Heemechtsveräin, der Residence Walfer ass.

Beim internationalen Volleyball-Tournoi am Ufank vum Joer an der Coque huet den FLVB-Nationalspiller seng 150. Selektioun am Dress vun de Roude Léiwe gefeiert. Dëst Joer stinn d‘Spiller vun de klenge Länner an Andorra um Programm, an zwee Joer kéint et sinn, datt de Gilles Braas seng international Karriär op de Spiller vun de klenge Länner zu Monaco ofschléisst. Mat sengem Veräin, dem VC Stroossen wëll de Passeur dës Saison nees den Doublé realiséieren.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 180: Gilles Braas