"Déi ënnescht Divisioune sinn d'Essenz vum Lëtzebuerger Futtball"

Am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk sinn dës Woch den Thierry Kruchten an de Luca Tommasi vun der Missioun Grottekick op Besuch.
Zanter 2017 gëtt et d'Missioun Grottekick. Zesumme mam Stephan Guden an dem Jacques Zahlen suivéiert de Grupp déi ënnescht Divisiounen am nationale Futtball. Op soziale Medie ginn dann och déi sëlleg Reesen a Matcher dokumentéiert. De Luca Tommasi an den Thierry Kruchten zielen am Podcast vun hire schéinsten Erënnerungen. Dozou gehéiert och d'Barrage-Woch, déi hei am Land all Joer vill Spectateuren op d'Gradine lackelt.
"Mir sinn ontalentéiert Futtballer, déi sech net ze eescht huelen"
Esou beschreift de Luca Tommasi d'Missioun Grottekick. Nieft hirem Engagement an den ënneschten Divisioune suivéiert déi lëschteg Band och reegelméisseg eis Live-Iwwerdrounge vun der Champions League. Duerch hir witzeg Foto-Collagen a Videoen hu si och zur Popularitéit vum eisem Commentateuren-Duo Kettenmeyer/Philipp bäigedroen.
Wéi eng Spiller-Nimm hinne besonnesch am Kapp bliwwe sinn, gitt dir dës Woch an eisem Podcast Drëtt Hallschent gewuer.