Dës Woch ass de Charel Grethen Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De Liichtathlet hat 2021 fir ee grousse Moment an der Lëtzebuerger Sport Geschicht gesuergt, wéi hie sech zu Tokio fir déi olympesch Final iwwer 1.500 Meter qualifizéiert hat. Am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer schwätzt hien och iwwert d‘Joer 2024, wat sportlech net esou verlaf ass wéi gewënscht. Donieft huet den 32 Joer ale Lëtzebuerger och nach ee grousst Zil fir dëst Joer.
 
Olympia 2024 zu Paräis
 
Duerch ee Parasit an deemno vill Problemer mam Mo an Daarm hat de Charel Grethen d‘Qualifikatioun fir d‘Olympesch Spiller zu Paräis net gepackt.
 
"Dat ass scho batter, wann s de esou laang op eng Kompetitioun higeschafft hues, virun allem wann et dann och esou no ass wéi elo zu Paräis, an da klappt et awer net. Am Sport ass dat heiansdo esou, et wier och vläicht e bësse langweileg, wann ëmmer alles no Plang leeft. Déi lescht Joren huet et dacks gutt geklappt, elo eeben eng Kéier net. Duerno brauch een awer e puer Wochen, fir nees déi richteg Motivatioun ze hunn. Ech hu mech awer iwwerwonne kritt, fir als Spectateur kucken ze goen."
 
WM 2025 a Japan
 
Dës Saison ass den Héichpunkt an der Liichtathletik, d‘WM am September zu Tokio. Deemno genee do, wou de Charel Grethen säi gréisste Succès a senger Karriär hat.
 
"Dowéinst wier dat besonnesch schéin, wann ech mech fir d‘WM zu Tokio géif qualifizéieren, well ech do effektiv meng schéinsten Zäit an der Karriär hat. Deemools war et wéinst Corona ouni Zuschauer an dës Kéier wier dat jo dann anescht. Ech denke schonn nach heiansdo un Olympia zeréck an et sinn immens schéin Erënnerungen. Et war eng Finall, mat där u sech kee gerechent hätt, datt ech do kéint dobäi sinn."
 
Training fir 1.500 Meter
 
Den Trainingsopwand, fir international kënne matzehalen, ass enorm. De Charel Grethen huet een Abléck an eng typesch Trainingswoch ginn. Donieft schafft hien och 20 Stonnen d‘Woch.
 
"Den Training fir 1.500 Meter ass immens variéiert. Ech maachen ee laange Laf d‘Woch, normalerweis sonndes ëm 25 Kilometer. Dat heescht, et ass schonn, fir eng Distanz an der Kompetitioun, déi 3 an eng hallef Minutt dauert, ee relativ laange Laf. Am Ganze lafen ech an der Woch tëscht 130 an 160 Kilometer an ech trainéieren all Dag zweemol, ausser mëttwochs an eebe sonndes. Donieft nach zweemol Kraafttraining an eemol Sprint. De Rescht sinn dann éischter Leef op der Schwell, déi bei mir ëm 3 Minutten de Kilometer läit. Allgemeng gesäit een den Ament eng Tendenz, datt et een Trend gëtt, datt vill Leit mat Schwelleleef trainéieren."

Podcast Drëtt Hallschent Episod 192: Charel Grethen