"De Pogacar ka sech eigentlech just selwer klappen"

E Samschdeg ass de Grand Départ vum Tour de France. Am Virfeld dovu sinn den Tom Flammang an de Kim Kirchen eis Invitéen am Podcast Drëtt Hallschent.
Pogacar wien soss?
Den Tadej Pogacar ass deen dominante Fuerer an och Toppfavorit op d‘Victoire am Tour de France. De Sloween ass bei ville Spectateure beléift, well hien eng oppen Aart a Weis huet an och mol ee Risiko ageet. Beim Jonas Vingegaard ass et éischter de Géigendeel, well hie wéineg Coursse fiert an u sech alles op den Tour de France setzt.
Eis Experte si sech eens, datt den Tadej Pogacar sech eigentlech just selwer ka schloen, ëmmer virausgesat, hien ass net an eng Chute verwéckelt.
Éischt Biergetapp op Hautacam
Déi éischt Arrivée op engem Bierg vun der Hors Catégorie ass dëst Joer eréischt op der 12. Etapp erop op Hautacam. 2008 war jo ee legendären Tour de France aus Lëtzebuerger Siicht mam Kim Kirchen an de Bridder Schleck. De Kim Kirchen hat deemools op der Etapp fir op Hautacam den Maillot Jaune op senge Schëlleren an huet dësen un de Cadel Evans verluer. De Frank Schleck gouf den Drëtten op der Etapp an hat just eng Sekonn Retard am General op den Evans.
Den Andy Schleck hat a sengem éischten Tour de France deemools ee sougenannten "Hungerast" an hat vill Zäit verluer. Op deenen anere Biergetappen, virun allem erop op Alpe d'Huez, huet hien deemools als jonke Fuerer du gewisen, datt hie wuel dee Stäerksten am Bierg war. De Kim Kirchen erzielt, wéi et deemools als dräi Toppfuerer aus dem Grand Duché am Tour de France war.
Social Media Präsens
Par Rapport zu der aktiver Zäit vum Kim Kirchen an Tom Flammang ass et haut esou, datt d‘Präsens op de soziale Medien immens wichteg ass. Virun allem fir déi jonk Coureuren ass et wichteg, ee gesonden an richtegen Ëmgank domat ze kréien. Dann ass et bei de Grand Touren (TDF, Giro a Vuelta) wichteg, fir an deenen dräi Woche sech net alt ze vill oflenken ze loossen.