Déi 2. Saison vum eSport-Event ass déi leschte Woch, no 8 Woche Championnat op en Enn gaangen, dat mat enger dann dach knapper Victoire fir Käerjeng.

D'Ekipp selwer besteet aus dem Kevin Vieira an dem Diogo Santos an hu sech misste wärend der Saison u ganz gudden Ekippe moossen. Ma d'Ekipp selwer huet sech awer dovunner ofgehuewen, dass kee Match géint déi aner Top 4 Ekippe verluer an huet och soss déi aner Matcher extrem dominéiert.
Domadder kënnt d'Ekipp dann dach logescherweis op eng verdéngten 1. Plat, dat 7 Punkte virum FC RM Hamm Benfica. Wärend der ganzer Saison goufen 237 Goler markéiert. Eng verdéngte Victoire fir d'Ekipp vu Käerjeng, déi d'Saison virdrun 2. gi sinn.

Hannert Käerjeng hu sech eng ganz Partie Ekippe dru ginn, fir nach um Podium, also ënnert deenen éischten 3 Stoen. Op déi 2. Plaz kënnt den FC RM Hamm Benfica mat 75 Punkten. Hei sinn et den Ivanilson Lopes an de Joé Oliveira, déi virun allem an de leschte 5 Matcher extrem gutt Leeschtunge bruecht hunn. Hei goufen et 4 Victoiren an 1 Gläichstand, wat wichteg war, fir op déi 2 Plaz ze kommen.

D'Gewënner vun der leschter Orange e League-Editioun, den FC Swift Hesper mam Fabio Martins David a mam Georges Geraldo kommen op déi 3. Plaz, dat mat de selwechte Punkte wéi de 4. an der Tabell, ma d'Goldifferenz ass hei kloer besser.

RTL