Diddeleng ass elo eleng den Tabelleleader

De "RafaMonteiro09" bleiwt un der Tabellesepëtzt mat dräi weider gewonnene Matcher.
Déi komplett Tabell a Resultater fannt dir hei!
Säi gréisste Konkurrent, den "ivanilsonlpvm", ass elo nëmmen nach Zweeten, dat nodeems hien géint den "xfabinhoo _ " eng weider Kéier gläich gespillt huet (5-5).
Den Nidderkuerer “ShadooW” huet mëttlerweil 9 Matcher hannerteneen gewonnen, wat dës Saison Rekord ass.
An engem enken Topmatch huet den “danieq” sech géint den “SaRo_09x” mat 7-6 duerchgesat.
D'Top 8 gëtt ëmmer méi konkret, mee et muss bis de leschte Spilldag gewaart ginn, fir ze wëssen, ween den 26. Abrëll däerf an der Final untrieden.
Resultater vun de 4 Matcher am Stream:
1 : bossAC2509 - FC Mamer 32 vs ShadowXClaw - US Hostert 2:6
2 : LouisLux8 - Jeunesse Canach vs danieq – Racing Troisvierges 6:1
3: Didi_StOrM_16 - Etzella Ettelbruck vs LastKing - CS Sanem 5:7
4 minivildand – Una Strassen vs SaR0_09x – FC Käerch 2:2
Den nächsten an domadder leschte Spilldag ass den 9. Abrëll a gëtt erëm vun 19 Auer live ob Twitch iwwerdroen.
Déi lescht Spilldeeg verpasst? Kee Stress, hei gëtt et de Replay vun alle Spilldeeg!