"Et muss ee mental prett sinn, fir géint déi Bescht wëllen ze wannen"

© Ivanlison Lopes Pinto Vaz Moreira
Ivanlison Lopes Pinto Vaz Moreira heescht de Lëtzebuerger eSportler mam biergerlechen Numm a gehéiert zu der internationaler Elite am eSport.
Zocken mécht den Ivanilson schonn zënter deem en e Kand ass, also schonns am Alter vu 4, 5 Joer. Géint seng Kolleegen huet hien deemols beim FIFA oder bei Autospiller wéi Need for Speed zocken op der Konsol kloer gewonnen, dat nach op der groer, hautdesdaags kultescher, Playstation 1 respektiv um Nofollger, der Playstation 2, déi zu deem Zäitpunkt an de Startlächer stoung.
Säin Talent wier scho fréi zum Virschäi komm, sou den Ivanilson, deen haut professionellen eSport-Spiller bei Atert Biissen ass, dat schonn am 2. Joer, an iwwregens elo e Méindeg seng 23 Joer feiert.
Den Ufank vum Sprong an d'Welt vum professionellen eSport
E wichtegen Zäitpunkt a senger Karriär wier ouni Zweiwel Covid gewiescht, huet hien eis am RTL-Interview erzielt, eng Zäit, an där d'Leit jo missten doheem bleiwen a sech an hire véier Wänn beschäftegen. Dëst wier souzesoen den Ufank vum Sprong an den eSport gewiescht. Fir den Ivanilson war et, wéi bei ville Leit wärend dëser Zäit, déi Geleeënheet, sech méi mat Videospiller ze beschäftegen... a sengem Fall mat Fifa, déi weltbekannte Futtball-Simulatioun, déi jo relativ rezent an "FC" ëmgedeeft gouf.
Ma scho vill méi fréi huet hien sech fir Futtball op der Konsol an och awer um Terrain selwer interesséiert: "Wéi ech sou 6-7 Joer al war, hat ech Fussball schonn immens gär an hunn och zënter hier mäi Liewe laang gär Fussball gespillt. Wéinst Fifa hat ech 4 Joer Paus gemaach, mä elo spillen ech nees um Terrain." Haut ass hien, niewent Atert Bissen op der Konsol, eben och zu Suessem um Terrain da kierperlech, ouni de Kontroller, am Asaz.
Am Joer 2006 dunn, war et FIFA 07, déi den Ivanlison an de Bann vun der Futtball-Simulatioun gezunn huet. Virdrun huet hien Pro Evolution Soccer gespillt, deemools de grousse Konkurrent vun EA. Ma vun deem Moment un, huet hien sech ëmgewinnt an huet just nach FIFA fir d'Playstation kaf. Seng Faszinatioun fir d'Spill war vun Ufank un do: "Elleng schonn de Fakt, dass ech de Messi konnt kontrolléieren a mat ëm spillen, huet mech total faszinéiert. Ech hat eng Tëlee a mengem Zëmmer, ma net fir Tëlee ze kucken, mä fir Fifa ze spillen. Bis d'4. Schouljoer hunn ech géint meng Famill gespillt an dunn am 5. Schouljoer hunn ech schonn ugefaangen online géint anerer unzetrieden."
Zu deem Zäitpunkt huet hien dann nach mat senger Famill a Portugal gelieft, 2012 ass hien eréischt op Lëtzebuerg komm. Ma wat sécher war, war, dass hien en Don hat an huet, och wann hien Online natierlech iergendwann u seng Grenze koum an dunn och mol geléiert huet, ze verléieren. An hei huet hien eng wichteg Lektioun geléiert, eppes dat extrem wichteg fir seng spéider professionell Karriär als eSportler sollt ginn: "Dat Allerwichtegst ass ze realiséieren, wat een nach net sou gutt kann, wou et nach u Skills feelt. Et ginn der vill, déi mierken net, wat se net kënnen. Du kanns dee beschten an der Attack sinn, wann s de géint e Pro spills, da muss och deng Defense stëmmen. Ech war nach ëmmer een, dee gemierkt huet 'hei dat do kann ech nach net sou gutt' an da muss ech dat trainéieren an dat besser hikréien. Ufanks virun allem meng Defense. Ech kucke bei deene Beschten, fir vun deenen ze léieren." An hei muss een och bedenken, dass ee sech Joer fir Joer, also fir de Release vum aktuellsten FC-Deel vun EA am Hierscht, och alt nees erëm nei adaptéiere muss.
Mat vill Ënnerstëtzung, Support an natierlech Training un d'Spëtzt am Land
Spéitstens beim Release vu FIFA 22, also wéi gesot nach wärend Covid, war kloer, dass hien zu de beschte Spiller am Land gehéiere wëll a sech och méi an den eSport eraknéie wäert. Deemools war hien zu Ettelbréck am Lycée, also 2021, an hei war et dunn d'Decisioun: "FIFA" oder "Fussball"? Deemools huet hie sech schlussendlech fir FIFA an d'Schoul decidéiert, e gudde Choix, wéi een dono sollt realiséieren... Direkt am selwechte Joer ass hie Champion bei den Eenzelspiller an der Orange eLeague ginn an ass dono op London fir d'FIFA 22 Global Serie geflunn. Hei hätt hien éischt wichteg Erfarunge am professionelle Beräich gesammelt. Mëttlerweil ass den Ivanilson a senger réischt kuerzer Karriär scho véier Mol Champion zu Lëtzebuerg ginn, déi leschte Kéier ebe bei der Orange eLeague 2025.
Säin Talent an och seng exzellent Fäegkeeten, déi sech mat de Joren entwéckelt hunn, sinn definitiv onëmstridden. Ma och soss hat hien eng gutt Starthëllef an Ënnerstëtzung fir an dës Welt vum kompetitive Gaming eranzekommen: "Hei am Land hat ech direkt ganz gutt Connections an d'Welt vum eSport, hei sinn et den zum Beispill de "xfabinhoo_" (Fabio Martins David) an den "LxbFifa" (Georges Geraldo), déi mir immens vill gehollef hunn. Virun allem vum wichtege Wiessel vu FIFA 20 op FIFA 21 hu si mech alles geléiert wat mat eSport ze dinn huet. Ech sinn zu groussen Deeler wéinst hinnen dee Spiller, deen ech haut sinn." Mam Fabio Martins zesummen huet hien iwwregens dann och schonn emol d'Team-Edition vun der Orange eLeague gewonnen, déi gëtt mëttlerweil awer net méi gespillt.
Technik ass wichteg, um Enn ass d'Taktik awer dacks de Schlëssel
D'Kompetitioun zu Lëtzebuerg ass staark, op d'mannst 4 Spiller géif hien kënnen nennen, déi, wat d'Skills an d'Technik uginn, an der selwechter Liga spillen a kloer mathale kënnen. Ma et wier warscheinlech d'Aart a Weis, wéi hie sech preparéiert, trainéiert an déi eenzel Spiller och analyséiert, déi zum Schluss decisiv sinn, eppes dat op internationalem Niveau selbstverständlech ass a vu ganz ville Spiller gemaach gëtt. Hei ginn d'Schwäche vun de Géigespiller am Virfeld studéiert an déi ginn dann am Match selwer ouni Paardon ausgenotzt. Dat wier e kloren an "entscheedend taktesche Virdeel", deen hien dacks géigeniwwer Géigner hätt a vun deem Virdeel géif hien och vill an der Saison profitéieren, eben genee dann, wann et zielt.
Nom Championstitel dëst Joer an der Orange eLeague koum dunn d'eChampions League zu Manchester vum 16.-18. Mee, wou de Lëtzebuerger dann och nees als nationale Champion eng Plaz sécher hat. Hei goung et dës Kéier awer net iwwert eng 31. Plaz eraus, dat awer nach ëmmer eng exzellent Leeschtung ass, wann ee bedenkt, wéi den Niveau op sou groussen Events ass. Virun allem an de sougenannte "Breckets" virun de kompetitive Matcher hat hie kee gudde Laf, 2 vu 5 gewonne Matcher just, normalerweis sinn et der bei him 4 bis souguer 5. Ma op der anerer Säit huet hien awer bei de kompetitive Matcher spéider géint den italieenesche Profi bei Dsyre Juventus, den Danilo Pinto aka "Danipitbull" gewonnen, wat weist, dass hien ouni Problem bei der Elite mathale kann. Um Enn huet hien nach ee Match gläich gespillt an 3 Matcher ganz knapp verluer. Et ass also net duergaangen, fir weider ze kommen, ma kleng Detailer géifen dacks decidéieren, op ee wënnt oder verléiert. All Joers géifen et ëmmer nees Spiller ginn, déi onbekannt sinn an awer fir eng Iwwerraschung gutt wieren, sou de jonke Lëtzebuerger.
Nächst Statioun WM a Saudi-Arabien?
Nächste wichtegen Datum sinn d'Play-Inns fir déi nächst WM a Saudi-Arabien, fir déi hie sech mat 48 anere Spiller qualifizéiert huet. Just 4 Leit ginn dann zum Schluss op d'Weltmeeschterschaft a Saudi-Arabien. Dofir huet hien elo dann och Zäit sech nach 2 Méint ze preparéieren, d'Premièresexamen sinn nämlech fir dëst Joer gelaf, wann d'Joer gepackt ass, kann hie sech dann och nees voll a ganz op den eSport konzentréieren.
Och wann hie mat vill Passioun fir Atert Bissen eSportler ass an d'Kompetitioun gär huet, spillt hien a senger Fräizäit iwwregens kee FIFA, respektiv FC op der Konsol an ënnerhëlt dann awer léiwer mol eppes dobausse, wäit fort vun der Konsol, mat senge Kolleegen an ënnerhëlt eppes mat hinnen, verréit den Ivanilson eis zum Schluss vum Interview. Ass no sou vill Videospill-Kompetitioun och iergendwéi ze verstoen...