E Samschdeg 26. Abrëll 2025 gëtt nees d'Finall an der Orange eLeague gespillt. Hei sti sech d'Top 8 vun der Saison géigeniwwer.

Lass geet et e Samschdeg um 11 Auer am Shopping Center vun der Cloche d'Or, dat um sougenannte "Golden Square", op deem sech wéi gesot déi bescht 8 Spiller vun der Saison 2025 moosse wäerten. Och d'Top 4 vun der 2. Divisioun sinn hei um Samschdeg present, fir géinteneen unzetrieden.

Déi 8 beschte Spiller sinn dës Kéier déi vun Diddeleng, Kanech, Biissen, Nidderkuer fir den Upper Bracket, a Stroossen, Ëlwen, Esch a Käerch fir de Lower Bracket.

Wien d'Finall am Stream suivéiere wëll, dee kann dat maachen, an zwar iwwert den offiziellen Twitch-Stream vun der Orange eLeague, oder de Replay um offizielle FLF Youtube-Kanal. D'Finall wäert bis ongeféier 16 Auer daueren.

RTL

De ganze Programm mat all de Resultater an Infoen zu all de Spiller gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!

D'Format dat gespillt gëtt fir d'Finall ass en Turnéier mat enger duebeler Eliminatioun mat engem "Upper Bracket" an engem "Lower Bracket". De Gewënner qualifizéiert sech da fir d'Gruppephas vun der "eChampions League" a fir d'FC Pro World Championships Play-Ins. Um 16 Auer soll d'Präisiwwerreechung da sinn, wou och e Spiller vun der Futtball-Nationalekipp wäert present sinn. Sur Place ginn et dann och eng Partie Gewënnspiller.

Weider Infoen an Detailer ginn et op de soziale Reseauen vun der Orange eLeague:

Facebook : www.facebook.com/OrangeEleagueLu
Instagram : www.instagram.com/eleaguelu
X : www.twitter.com/eleaguelu
Twitch : www.twitch.tv/eleague_lu
Youtube : https://www.youtube.com/flf_lux