Stroossen, Diddeleng a Biissen leien op der éischter Plaz

Nidderkuer, Ettelbréck a Mamer bilden nom 1. Spilldag vun der Orange eLeague d'Schlussliicht an der Tabell.
Déi komplett Tabell nom éischte Spilldag fannt dir hei!
Déi dräi Favoritte sinn op den dräi éischte Plaze mat jeeweils 3 Matcher gewonnen. An engem Remake vun der Finall vun 2024 huet sech den "ivanilsonlpvm " mat 4-3 géint de Louislux8 behaapt. De Match géint den "xfabinhoo_" huet de "Louislux8" awer gewonnen, dat mat 7-3.
An engem weideren Duell vun den eSports-Nationalspiller hu sech den "xfabinhoo_" a "SaRo_09x" sech d'Punkten um Enn gedeelt, hei ass d'Partie mat 5-5 ausgaangen. Den "Allinho54" huet sech géint säi belsche Kompatriot "Shadoow" mat 7-4 duerchgesat. De Gewënner vun der 2. Divisioun "Mokado" ass mat 6 vun 9 Punkte gutt an d'Saison gestart. Fir de Recht gin et lo keng grouss Iwwerraschungen.
Den nächste Spilldag ass den 26. Februar a gëtt erëm live ob Twitch iwwerdroen.
