An der Liga 3 ass et dann deelweis e Safetycar, dat d'Course decidéiert.

De "Capdo" an "Topfmeister" hu schon an de Qualifikatiounsronnen den Toun uginn. Wärend der Course war et dann och relativ eendeiteg, sou dass déi 2 Fuerer hier eege Course gefuer sinn. Zum Schluss krut de Capdo eng 3 Sekonnestrof, dat dem Topfmeister rëm d'Dier opgemaach huet, fir ëm déi 1. Plaz ze fueren. Leider hat hie bësse Problemer mat senge Pneuen a konnt den Ecart net verkierzen an koum op eng staark 2 platz.

Kuerz viru Schluss war et dunn e Saftycar, deen dat ganzt Fuererfeld op Kopp geheit huet.

Beim Restart koum et zu engem Massecrash, an deem direkt 3 Favoritte mat verwéckelt waren. Den "Ricardo", de "Puprlehaze" an de "Luxracer".

Eng individuell a staark Verbesserung koum vum Fuerer "Rendfei", dee bis virum Crash eng ganz staark Prestatioun ofgeliwwert hat an deelweis ëm de Podium gefuer ass. Leider krut hien och duerch de Crash eppes of a seng Course war esou gutt wéi gelaf.

Den "Andylam". deen d'lescht Saison mat 0 punkten ofgeschloss hat, krut direkt an da éischter Course säin 1 Punkt. Dat ass och fir hien eng extrem Verbesserung.

D'nächst Woch geet et op Singapur a mir hoffen erëm en spannend rennen ze gesinn.

RTL
RTL

Och e staarken Optakt an der Liga 3

RTL

De "Luca" an "Grc_schmatt" hunn déi Course dominéiert. De Schmatt konnt déi lescht Ronne vun engem Saftycar profitéieren, fir sech en Pneuen-Virdeel ze verschafen. Déi Taktik ass dann och opgaangen an hien konnt sech d'Plaz 1 virum Luca sécheren.

"Bohrmachine" an säin Teamkolleeg de "Papa_gies" waren hir géigesäiteg Rivalen an dëser Course.

Et muss een awer och déi nei Fuerer luewen, déi nach keng Liga-Erfarung haten, an trotzdeem eng gutt éischt Course absolvéiert hunn.

RTL
RTL