
Déi däitsch Dageszeitung Welt baséiert den Artikel, an deem dëst behaapt gëtt, op eng Eurostat Etüd, déi d’Iwwernuechtunge vun auslänneschen Touristen an Ariichtunge wéi Hoteller an aner Infrastrukture pro Land am Joer 2024 opgelëscht huet.
An dësem Artikel gëtt ervirgestrach, dass Länner wéi Lëtzebuerg, Liechtenstein oder Nordmazedonien e Geheimtipp fir eng gemittlech Vakanz sinn, dat well een hei op déi “mannsten Touriste” géif treffen. Sou géif de Grand-Duché der “Welt” no op d’Plaz 3 kommen. Vir bäi sinn och Montenegro, Malta, Nordmazedonien oder Lettland.

Allerdéngs seet déi reng Unzuel un Touristen (Iwwernuechtunge vun Touristen) an engem Land eleng wéineg doriwwer aus, op een an deem Land tatsächlech op vill oder wéineg Touristen trëfft an dohier d’Vakanz méi “roueg an entspaant” wäert verlafen. Hei spille vill Facteuren natierlech eng Roll, sou dass een dëst pauschal net just op der Zuel vun Touriste soe kann. Ënnert anerem spillt beispillsweis d’Verhältnis tëscht der Zuel un Awunner vun engem Land an den Touristen eng Roll. Dëst schéngt logescht, well d’Gréisst vun engem Land natierlech ausschlaggebend dofir ass, ob ee potentiell op vill oder wéineg Touristen trëfft. Och natierlech d’Surface vun engem Land an déi domadder verbonnen Offer un touristeschen Infrastrukturen ass hei ouni Zweiwel ze consideréieren.
Hëlt een d’Zuel u Leit, déi an engem Land wunnen a setzt déi an e Verhältnis zu der Zuel u Leit déi an engem Joer aus dem Ausland Vakanz maache kommen, gesäit de Ranking natierlech nees komplett anescht aus a reflektéiert e wéineg méi d’Realitéit erëm. Konkret gëtt hei d’Zuel un Iwwernuechtunge pro Tourist duerch d’Awunnerzuel vum jeeweilege Land gedeelt. De Wäert, deen do erauskënnt, seet aus, wéi vill Touristen (respektiv eenzel touristesch Iwwernuechtungen) op ee Resident vum jeeweilege Land am Joer kommen.
Esou géife sech dann Nordmazedonien (1,2), Rumänien (1,6), Serbien (1,9), d’Tierkei (2,4), Lettland (2,5), Polen (2,5), d’Slowakei (2,6), Albanien (2,7), Litauen (2,9) an Ungarn (3,3) an déi, fir d’Welt ze zitéieren, Top 10 Länner areien, an deenen et fir Touristen am “rouegst an entspaantsten” ass. Am schlechtste komme Kroatien, Malta a Griicheland ewech, wou deemno méi Touristen ënnerwee sinn. Lëtzebuerg klasséiert sech hei am Mëttelfeld, wéi och beispillsweis Frankräich, Däitschland a Schweden.
Géif een elo nach d’Fläch vun engem Land kucken, sou wéi d’Situatioun vun den Infrastrukture fir Touristen an Dagestouristen mat abezéien, déi guer keng Iwwernuechtung am Land maachen, géife warscheinlech nees erëm aner Wäerter erauskommen, dat schéngt kloer ze sinn. Ma dach dierft dëst da méi d’Realitéit erëmspigelen, wéi reng d’Unzuel un Touriste pro Land ze kucken, eppes dat, isoléiert betruecht, wéineg bis guer näischt ausseet.