
Et wier eng ganz “moche” Situatioun, esou kommentéiert den Affekot vum zanter Enn Januar suspendéierten orthopädesche Chirurg Philippe Wilmes d’Nominatioun vun enger franséischer Expertin duerch den Direkter vun der Santé. D’Professorin fir Orthopädie soll eng vun den Expertisen an der Affär Wilmes maachen. Den Affekot a säi Mandant zéien d’Onofhängegkeet vun dëser an Zweifel. D’Lëtzebuerger Wort hat als éischt dës Woch bericht. An engem Communiqué huet de Gesondheetsministère op verschidde Reproche reagéiert.
An der Prozedur sollen dräi Experten evaluéieren, ob den Dr. Philippe Wilmes gesond Knéien operéiert huet. Vun dësen Expertise wäert ofhänken, ob seng Suspensioun opgehuewe gëtt.
Een Expert gëtt hei vum Beschëllegte selwer gewielt, ee vun der Direktioun vun der Santé, an ee vun dësen zwee designéierten Experten zesummen. An engem Wort Artikel huet et geheescht, dass déi vum Direkter vun der Santé, dem Jean-Claude Schmit, designéiert Expertin e fachleche Lien zu engem vun den Dokteren hätt, deen de Philippe Wilmes beim Collège médical mat denoncéiert hätt.
Bei dësem Dokter géing et sech ëm de Chef vun der orthopädescher Chirurgie vum CHL, den Dr. Romain Seil handelen, wéi de Philippe Wilmes an de soziale Medie schreift. D’Expertin soll déi franséisch Professer Elvire Servien sinn. Den Dr. Romain Seil, souwéi di proposéiert Expertin hunn eng gewësse Renommée um Gebitt vun der orthopädescher Knéichirurgie, an hu schonn u wëssenschaftleche Publikatiounen a Kooperatiounen zesummegeschafft. Doriwwer eraus sinn se an der europäescher Fachgesellschaft fir Sporttraumatologie, kuerz ESSKA. Et ass awer dacks de Fall, dass Leit aus dem Fachgebitt, déi international wëssenschaftlech aktiv sinn, hei Member sinn.
En Interessekonflikt gesäit de Gesondheetsministère doduerch awer net. “Am Kader vun esou Prozeduren féiert just eng perséinlech oder professionell Relatioun, déi d’Onofhängegkeet a Fro stellt, zu engem Interessekonflikt”, erkläert de Gesondheetsministère am Communiqué. D’Expertin aus Frankräich hätt confirméiert, dass et weder e perséinlechen nach e professionelle Lien géing gi mat engem, deen an der administrativer Prozedur involvéiert ass, nach mat engem vun den Dokteren, déi d’Affär beim Collège médical signaliséiert hunn. Weider heescht et: “De Fait, dass zwee vun den Dokteren – den Expert, deen den Direkter vun der Santé gewielt huet an ee vun den Dokteren deen denoncéiert huet - virun 10 Joer gemeinsam en Artikel publizéiert hunn oder an der selwechter internationaler wëssenschaftlecher Societéit sinn, ass ni als Grond consideréiert ginn, fir d’Onofhängegkeet vun engem Expert am Domäne vun der Wëssenschaft vun der Medezin an Zweifel ze zéien.”
Op en drëtten Expert, dee béid Parteie mussen zesummen nennen, gouf sech dann nach net gëeenegt. Ma d’Expertin aus Frankräich hat hei en Dokter aus der Belsch proposéiert, mat deem den Dr. Seil och fachlech Relatiounen hätt. Den Affekot vum Dr. Philippe Wilmes, de François Prum freet no komplett onofhängeg Experten, fir Liicht an d’Affär ze bréngen. Wann een am Ministère géing un der Elvire Servien festhalen, hätt hien awer kee Recours dogéint. Den Dr. Nicolas Hummer, dee vu Säite vun him a sengem Mandant als Expert gewielt gi wier, hätt keng Relatioun zu sengem Mandant a wier virun de Geriichter assermentéiert.
De François Prum kritiséiert dann och, wéi schonn am Wort, den Ëmstand vun der Definitioun vun der Missioun vun den Experten. D’Suspendéierung wier wéinst dem Verdacht vu Verstümmelung a virsätzlecher Kierperverletzung duerch Operatiounen u gesonde Knéie gesprach ginn. Elo wier d’Fro, ob d’Operatiounen net ubruecht oder net néideg solle gewiescht sinn. Reprochen, déi méi Ermiessensspillraum géinge ginn. “Mir kommen einfach net vun der Iddi fort, dass alles, souwuel de Choix vun den Experten, wéi och d’Missioun vun der Expertise, just d’Direktioun soll goen, fir Argumenter ze fannen, fir den Dokter Wilmes definitiv z’ecartéieren. An dat loosse mer eis natierlech net gewäerden”, betount den Affekot.
De Gesondheetsministère schreift dozou, dass d’Missioun vun der Expertise wier, d’Faiten z’analyséieren, déi di administrativ Decisioun, also d’Suspensioun motivéiert hunn. Dës Faite géinge sech net op Faite limitéieren, déi kéinten als strofrechtlech relevant klasséiert ginn.
D’Suspensioun vum Dr. Philippe Wilmes gëllt nach eng 2 Méint. Den Affekot rechent domat, dass een sech d’nächst Woch awer op déi dräi Experte gëeenegt kritt.