165 Bauentreprisen an Handwierksbetriber hunn zejoert hei am Land Faillite gemaach. Leidtragend sinn nieft de Mataarbechter och dacks Clienten, déi am Gaange si mat bauen. Bei sougenannte VEFA, also Projeten, déi um Plang verkaf ginn, ass eng Garantie Financière d’Achèvement obligatoresch. De Konsumenteschutz réit op kee Fall Tranchen am Viraus ze bezuelen, ier d’Aarbechten ofgeschloss sinn.
Fir d’Anne* an de Paul* war et kéng einfach Zäit. Mat der Faillite vun direkt zwee Promoteuren, an där vun hirem Liwwerant vun der Kichen. Am Juni 2020 huet d’Koppel de Compromis fir en neit Doheem ënnerschreiwen. Am Summer 2022, sollt alles fäerdeg sinn. Elo ass Endlech Enn Mäerz geplënnert ginn.
“Bei der éischter Fait war et effektiv ganz nei fir eis. An et war e bëssen ongewëss, mir woussten net richteg wou ufänken. An do hu mir eeben den Assureur kontaktéiert. An ab do sinn dann dem Assureur seng intern Prozedure gelaf. An do ass och de Kontakt iwwer E -Mail mam Assureur selwer ëmmer gutt gaangen.”
De Paul schwätzt d’Garantie Financière d’Achèvement un, déi zum Gléck hei zu Lëtzebuerg bei VEFA obligatoresch ass. Also fir Appartementer oder Haiser déi um Plang verkaf ginn. Zwee Mol huet déi Garantie misse bei der jonker Koppel asprangen. “Et ass esou, dass mir effektiv keng Tranchen am Viraus bezuelt haten. Sou dass den Assureur eis de Surplus dee mir haut bezuelt hätten, dass deen de Surplus iwwerhëlt a mir op kenge Käschte sëtze bleiwen.”
Déi Chance hunn, am Fall vun enger Faillite, net all d’Keefer vu VEFA-Projete, well ze oft, och Tranchen am Viraus bezuelt ginn. Geld wat dann am Fall vun enger Faillite da kaum nach zeréck gefuerdert ka ginn.
D’Sabah Hentour Ianigro, Juristin beim Konsumenteschutz ULC erkläert: “Il faut vraiment faire attention que la tranche, c’est marqué à la fin. Donc quand la tranche est terminée, que là on paye, parce que si les travaux ne sont pas terminés et que vous payez la tranche, par la suite il peut y avoir des problématiques. Donc faire vraiment attention à la fin de la tranche et pas quand c’est en cours ou au début de la tranche. Donc faire attention déjà d’en vérifier dans le projet avant de signer chez le notaire ou même dans le contrat de réservation, souvent les tranches sont déjà indiquées.”
Um Ament vun der éischter Faillite huet d’Koppel direkt iwwerluet, de Projet opzeginn an ze verkafen. Dat war awer net méi méiglech, well d’Garantie Financière d’Achèvement just de Bau ofdeckt an net den Terrain. Wann d’Koppel um Enn keng Suen um Bau-Projet selwer verluer huet, sou huet awer iwwer Méint misse Loyer aus eegener Täsch finanzéiert ginn. “Dat rechent sech awer am Mount. Ech muss soen, d’Bank ass eis do wierklech entgéintkomm. Dat heescht, mir haten de Prêt lafen. Si hunn eis do e Moratoire drop gemaach, sou dass mer wierklech elo just nach mussen d’Zënse bezuelen. An dat mécht et natierlech dann awer scho méi einfach, fir dann de Loyer eeben ze stemmen”, sou d’Anne.
Dobäi kommen och Käschten vum Affekot, déi net vun der Garantie Financière d’Achèvement iwwerholl ginn. “Dat war eis fräi Entscheedung, bei en Affekot ze goen. Trotzdeem natierlech wëll ee sech iergendwou ofsécheren, wa scho sou eppes geschitt, da wëll een net, dass nach weider Saachen hannendru kommen.”
Leit déi selwer Bauen, deene réit de Konsumenteschutz eng spezifesch Assurance of ze schléissen. Architekten, respektiv Experten, kënnen de Suivie vum Schantjen iwwerhuelen. D’ULC huet fir ze beroden a spezifesch Broschüren ausgeschafft.
*Nimm goufe vun der Redaktioun geännert