
Den Alarm gouf géint 18 Auer gemellt.
Ënnert anerem hu verschidde Plazen, dorënner d’Tour Montparnasse an d’Uni Sciences Po Paris, hir Lokaler evakuéiert fir eng Sécherheetskontroll duerch d’Beamten vun der Préfecture de Paris.
Och den Eiffeltuerm an de Bataclan ware betraff vun der Alerte, déi Sitte wieren awer net evakuéiert ginn, aus Choix vun deenen Etablissementer.
D’Aarbechten, fir de Risiko auszeschléissen, waren no 22 Auer ofgeschloss, et gouf kee Sprengstoff entdeckt.
Enn November war de Sëtz vu France Télévisions no enger änlecher Meldung evakuéiert ginn. No enger Sécherheetskontroll gouf kee Sprengstoff fonnt. Zwou Woche virdru gouf et och Bommenalarm bei BFM TV.