De Countdown leeft! An zwou Woche fänkt am Bahrain déi nei F1-Saison un. Déi lescht Deeg hunn d’Teams hir nei Autoe presentéiert.

Fir den F1-Zirkus ass de Februar ëmmer e spannende Moment. Wéi gesinn déi nei Ween aus? Ginn et vläicht kreativ Iwwerraschunge beim Design? Wien huet d'Wanterpaus am beschte genotzt?

Wann d’Teams mat méi oder manner spektakuläre Presentatiounen hir Saison offiziell alauden, ginn et op dës Froen éischt Äntwerten. Mä net jiddweree léisst sech fräiwëlleg an d’Kaarte kucken. Red Bull, Alpha Tauri, Haas a Williams hu bei hire Virstellungen nëmmen en nei lackéierte Virjoresmodell gewisen.

Iwwerbléck vun den eenzelen Team-Virstellungen

Red Bull

Ferrari

Mercedes

Alpine

McLaren

Alfa Romeo

Aston Martin

Haas

Alpha Tauri

Williams

Déi nei Saison fänkt de 5. Mäerz mam Grousse Präis vu Bahrain un. Am Kalenner stinn dëst Joer 23 Courssen.

De Kalenner als PDF

RTL Lëtzebuerg iwwerdréit och dës Saison erëm all Séance live. D’Fräi Traininge lafen am Stream op RTL.lu an RTL Play. D’Quali, d’Sprints an d’Coursse ginn donieft och op RTL ZWEE gewisen.