Als leschten Ecurie huet Alpine d'F1-Saison 2023 lancéiert. Den neien A523 gouf zu London virgestallt.

Mir hunn et dëst Joer scho méi dacks héieren: "Den neien Auto ass eng Weiderentwécklung vu sengem Virgänger." Och Alpine huet net mat engem wäisse Blat Pabeier ugefaangen, mä huet probéiert, dat bekannte Konzept ze verbesseren. Esou goufen d’Nues a béid Spoilere modifizéiert. E gréissere Changement gouf et bei der hënneschter Ophänkung, wou ee vu Pull- op Pushrod gewiesselt ass. E grousse Chantier war wuel och de ganzen Undriff. D’lescht Joer huet Alpine wéinst technesche Problemer vill Punkte verluer. Am neien Auto wären déi eenzel Komponenten nei organiséiert ginn, fir d’Zouverlässegkeet ze verbesseren.

Faarwen: Blo, rosa… a schwaarz!

D'Trendfaarw an der F1 2023 ass schwaarz. Vill Ecurien verzichten deelweis (oder wéi Mercedes ganz) op eng Lackéierung fir Gewiicht ze spueren. Alpine mécht do keng Ausnam: och hei ass ënnen erëm vill plakege Karbon ze gesinn.

D’Mark mam „A fléché“ huet awer grad ewéi d’lescht Joer erëm zwou Lackéierunge virgestallt. Nieft der normaler Versioun am blo-rosa och nach eng komplett rosa Spezialversioun, déi bei vereenzelte Courssen agesat gëtt.

Ambitiounen: „Best of the Rest“

Alpine huet sech d’lescht Joer no engem spannenden Duell mat McLaren déi 4. Plaz an der Constructeurs-Meeschterschaft geséchert. Mat deem Resultat schéngt ee sech och fir 2023 zefridden ze ginn. Esouwuel de Luca de Meo (CEO Renault-Grupp) wéi de Laurent Rossi (CEO Alpine) hu Plaz 4 als Saisonzil formuléiert. Den Ecart op d’Top 3 soll awer massiv reduzéiert ginn. Den Teamchef Otmar Szafnauer erkläert: „Mir wëlle Plaz 4 vill méi souverän erreechen. Dat heescht: méi dacks d’Arrivée gesinn, méi Punkte sammelen a manner dacks ausfalen.“

Équipe tricolore: Esteban Ocon & Pierre Gasly

Alpine geet 2023 mat engem reng franséische Piloten-Duo un de Start. Nom iwwerraschenden Départ vum Fernando Alonso an nom geplatzte Kontrakt mam australeschen Alpine-Junior Oscar Piastri huet Alpine am Hierscht 2022 de Pierre Gasly engagéiert. Deen huet no 6 Joer d‘Red-Bull-Lager verlooss, well hien do nëmme beim „B-Team“ Alpha-Tauri am Auto souz. Fir de Pierre Gasly (1 Victoire, 3 Podien) ass et e wichtege Schratt a senger F1-Karriär: „Ech konnt d’lescht Joer schonn den alen A522 probéieren, a war beandrockt. Wann ech gesinn, wéi dat ganzt Team sech ugestrengt huet, fir den Auto vun dësem Joer nach besser hin ze kréien, sinn ech wierklech gespaant, wat mat Alpine méiglech ass.“

Bei Alpine gëtt de Pierre Gasly Teamkolleg vum Esteban Ocon (1 Victoire, 2 Podien), deen zënter 2020 fir Renault respektiv Alpine ënnerwee ass. Och dee freet sech op déi nei Saison: „Ech kann et kaum erwaarden, dass et erëm lass geet, an dass mir op eisem Wee no uewe viru kommen.“

Den Australier Jack Doohan (Fils vum Motorrad-Weltmeeschter Mick Doohan) gouf als neien drëtte Pilot annoncéiert.