Shakedown zu BarcelonaÉischte groussen Test fir d'Formel-1-Generatioun 2026

Serge Pauly
An dëser F1-Saison ass alles nei: nei Autoen, nei Motoren an esouguer nei Ecurien.

Fënnef Woche virum Saisonoptakt konnten d’Ingenieuren an d’Piloten hir nei Kreatiounen zu Barcelona intensiv testen.

D’Formel 1 huet hiert technescht Reglement eng Kéier d’ënnescht d’iewescht gedréint. Ugefaange mat de Motoren. Et bleift zwar bei engem Hybrid-System, mee den Elektromotor gëtt elo vill méi wichteg. Déi elektresch Leeschtung verdräifacht sech op 470 Päerd, wärend de Verbrenner op 540 Päerd gedrosselt gëtt. Deen neien Hybrid-System gouf gläichzäiteg technesch vereinfacht. Et gëtt nëmmen nach déi kineetesch Bremsenergie recuperéiert (MGU-K). Déi opwänneg MGU-H mat där d’Hëtzt vun den Auspuffgasen an Energie ëmgewandelt gëtt, gouf fale gelooss. Positiven Nieweneffekt: d’Autoe maachen erëm e bësse méi Kaméidi.

Fir dass d’Autoe genuch elektresche Jus hunn, gouf och d’Aerodynamik revolutionéiert. Si hunn elo net nëmmen hanne Klappflilleken, mee och vir. D’Pilote kënnen déi flaach stellen, fir op der Riichter de Loftwidderstand ze reduzéieren - net fir z’iwwerhuelen, mee fir Energie ze spueren.

Dat alles sinn nei Reegelen, wou d’Ingenieure sech reegelrecht defouléiere kënnen. Den Tim Goss, Chief Technical Officier beim Racing Bulls F1 Team, ass beispillsweis begeeschtert: “Et huet esouvill changéiert, a mir kënne mat esou villem spillen, et gëtt esouvill Beräicher wou mir eis Kreativitéit ausliewe kënnen. Alleguer d’Ingenieuren hunn elo mol einfach d’Stécker zesummegehäit. Eréischt duerno kucke mir fir d’Leeschtung ze verbesseren. Jiddwereen ass prett fir dee Kampf. Dat gëtt fantastesch!”

Déi gutt Nouvelle: déi nei Technik schéint prinzipiell ze funktionéieren. Technesch Panne waren déi ganz Woch iwwer éischter d’Ausnam. Vill Autoe goufen awer eréischt op de leschte Stëppel fäerdeg. Williams huet den Test ganz verpasst. Aner Autoe goufen an Eenzelstécker op Barcelona geliwwert, fir hei fäerdeg zesummegeschrauft ze ginn. Aston Martin huet sech eréischt um zweetleschten Testdag aus der Garage getraut.

Trotzdem war de Mike Krack, Chef vun de Circuitsaktivitéite beim Aston Martin F1 Team, zefridden: “Mir hunn déi lescht Deeg haart geschafft. A mir hunn nach ëmmer vill Aarbecht virun eis. Haut kënne mir kuerz duerchootmen, an eis iwwert déi éischt Kilometer freeën. Dat war ganz emotionell, an e flotte Moment fir d’Team.”

D’Formel-1-Fans sollte sech iwwregens elo schonn un een neie Vocabulaire gewinnen: Corner-Mode, Overtake-Mode, Boost-Mode an esou weider... D’Pilote kënnen nämlech net nëmmen d’Spoilere verstellen, si mussen och wärend dem Fueren zousätzlech Elektropower aktivéieren, fir z’iwwerhuelen oder sech ze verdeedegen. Dat kléngt op den éischte Bléck éischter no Computerspill. Trotzdeem falen déi éischt Reaktioune positiv aus, stellvertriedend de Mercedes-AMG-Pilot George Russell: “Et ass komplett aneschters, fir éierlech ze sinn. Mee wanns du et bis an däi Kapp krus, dann ass et ganz intuitiv. Ech mengen, d’Fans kënne sech definitiv op opreegend Coursse freeën. Den negative Punkt ass vläicht, dass mir am Auto d’Energie vill méi geréiere mussen. Mee dat wäerten d’Leit warscheinlech guer net matkréien.

Donieft freeë sech alleguer d’Piloten, dass déi nei Autoen méi liicht, méi kleng a manner haart gefiedert si wéi déi leschte Generatioun. Dat soll fir besser Coursse suergen, och wann déi nei Autoen nach méi lues sinn: zu Barcelona hu ronn véier Sekonnen op de Streckerekord gefeelt.

Weider Tendenzen no dësem éischten Test:

  • Mercedes schéint an der Entwécklung am wäitsten ze sinn.
  • Dee séierste Chrono déi ganz Woch geet wuel op de Kont vu Ferrari (inoffiziell: Hamilton an 1:16,348).
  • Déi mat Ford zesummen entwéckelte Red-Bull-Power-Unit leeft iwwerraschend zouverlässeg.
  • Dem Stardesigner Newey säin éischten Aston Martin wierkt par contre nach net ganz zeideg.
  • Och déi nei Ecurien Audi a Cadillac schéinen nach e klengen Retard ze hunn.

Mëtt Februar gëtt weider getest, dann an der Wüst am Bahrain. Do stinn zwou Testwochen à dräi Deeg um Programm (11. bis 13. Februar an 18. bis 20. Februar).

Back to Top
CIM LOGO