Blesséierter zu ModenaAuto rennt a Grupp vu Leit an Italien

RTL Lëtzebuerg
Am norditalieenesche Modena ass en Auto wuel geziilt op en Trottoire gefuer an huet eng Rei Persounen ze pake kritt.
© -/AFP

E Samschdeg am Nomëtteg ass am Zentrum vun der italieenescher Stad Modena e Mann mat sengem Auto an e Grupp Leit gefuer. Aacht Persoune wiere blesséiert ginn, dovunner der véier schwéier, sou de Buergermeeschter vun der Stad, Massimo Mezzetti. Hie wier "zudéifst getraff" iwwer dëse "wansinnege Virfall".

Wéi et vum Buergermeeschter heescht, wier de Chauffer mat sengem Gefier mat héijer Vitess geziilt op en Trottoire gefuer an hätt do e Grupp Passanten ze pake kritt. De Chauffer hätt duerno den Auto verlooss an hätt versicht, mat engem Messer an der Hand ze flüchten, dat hunn e puer Aenzeie bericht. Eng Rei Leit wieren dem Mann nogaangen an hätten hie festgehalen. "Si hu grousse Mutt gewisen, hinne gëllt mäi Merci", sou de Mezzetti.

Medieberichter no soll et sech beim presuméierten Täter ëm en 31 Joer alen Italieener mat marokkaneschen Originnen handelen. Hie gouf vun der Police festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO