2. Fräien Training live dëse Freideg um 22:55 Auer op RTL ZWEE an um RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vun den USA

RTL Lëtzebuerg
D'Formel 1 an Texas, Amerika – tëschent Cheerleaders a Cowboys! Dat ass ëmmer déi ganz grouss Show. Dëst Joer kéint zu Austin F1-Geschicht geschriwwe ginn.

De Kimi Antonelli huet dëse Weekend säin éischte klenge Matchball. Hie kéint sech um “Circuit of the Americas” zum jéngsten F1-Weltmeeschter an der Geschicht kréinen. Mee dofir muss hien den US-Grand-Prix net nëmme gewannen, mee och nach drop hoffen, dass seng gréisste Konkurrenten zimmlech schlecht ofschneiden. Wann de Russell sech an den Top8 an den Hamilton an den Top4 klasséieren, muss den Italieener sech bis Mexiko déi Woch drop gedëllegen. Mee och de Verstappen kéint d’Roll vum Spaassverdierwer iwwerhuelen. Nom spektakuläre Red-Bull-Comeback an zwou Victoiren an den zwou leschte Coursse gëtt domadder gerechent, dass den Hollänner dem Antonelli d’Liewe schwéier maache wäert.

Suivéiert de FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 23. Oktober 2026:  22h55 – 00h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 24. Oktober 2026: 19h25 – 20h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 24. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 22h55
Start vun der Qualifikatioun: 23h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 00h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 25. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 20h30
Depart vun der Course: 21h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 22h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO