Formel 1Isack Hadjar fiert d'nächst Saison fir Red Bull

RTL Lëtzebuerg
Red Bull a Racing Bulls hunn hir Piloten fir d‘nächst Saison annoncéiert.
© RUDY CAREZZEVOLI/Getty Images via AFP

D‘nächst Joer setzt nieft dem Max Verstappen den Isack Hadjar an engem Red Bull. Den 21 Joer ale Fransous ersetzt domat de Japaner Yuki Tsunoda. Den Hadjar huet a senger éischter Saison an der Kinneksklass vum Automobilsport richteg positiv op sech opmierksam gemaach. Den Héichpunkt vum Pilot, dee bis elo bei de Racing Bulls gefuer ass, war sécherlech déi drëtte Plaz beim Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort.

Den Teamchef vun Red Bull Laurent Mekies seet am Communiqué vun der Ecurie: “Den Isack huet an senger éischter Saison grouss Maturitéit bewisen, an och gewisen, datt hie séier léiert. Virun allem huet hien awer gewisen, datt hie séier op der Streck ass. Mir gleewen drun, datt den Isack eng gutt Figur nieft dem Max mécht, a „magic on track“ ka produzéieren.”

Den Isack Hadjar gëtt zitéiert: “Ech sinn dankbar, datt Red Bull mir dës Opportunitéit gëtt a mir vertraut op héchstem Niveau an der Formel 1 Course ze fueren.”

De Yuki Tsunoda, deen zanter 2019 an der Red Bull Famill ass, bleift weiderhin dobäi a gëtt Test- a Reserve-Pilot, an dat fir déi zou Ecurien - de Fall gesat, de reguläre Reserve-Pilot vun de Racing Bulls Ayu Iwasa wier verhënnert.

Bei de Racing Bulls bleift den 23 Joer alen Néiséilänner Liam Lawson eng weider Saison am Cockpit. Den Arvid Lindblad ersetzt den Hadjar als zweete Pilot bei der sougenannter Farm-Equipe vun Red Bull. Dat 18 Joer jonkt brittesch-schweedescht Talent ass dës Saison Formel 2 gefuer a gouf do mat 17 Joer an 243 Deeg mat der Victoire an der Sprint-Course zu Jeddah dee jéngste Gewënner an där Kategorie.

D‘nächst Saison gëtt et jo e ganz neit technescht Reglement. Red Bull a Racing Bulls fueren da mat engem neie Motor, deen zesumme vu Ford a Red Bull Powertrains entwéckelt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO