Formel 1D'Pole Position zu Silverstone geet un de Kimi Antonelli

RTL Lëtzebuerg
Béid Ferrari-Pilote quëtsche sech mat der leschter Ronn nach laanscht den George Russell a splécken déi éischt Startrei aus Mercedes-Autoen. Net gutt gelaf ass et fir de Max Verstappen.
© PETER POWELL/AFP

De Kimi Antonelli séchert sech um prestigiéise Circuit zu Silverstone seng insgesamt fënneft Pole Position. De Leader am WM-Klassement war der Konkurrenz wéi schonn am Sprint iwwerleeën an huet säi Coequipier George Russell däitlech hannert sech gelooss. Eng éischt Mercedes-Startrei gouf mat der leschter Zäit vu béide Ferrari-Pilote gesprengt, sou dass de Charles Leclerc vun der zweeter an de Lewis Hamilton vun der drëtter Startpositioun an d'Course ginn.

Hannendru kënnt e Sandwich bestoend aus Red Bull a McLaren. De Max Verstappen huet sech mat der siwenter Plaz mussen zefridde ginn a musst och sengem Teamkolleeg Isack Hadjar (Plaz 5) de Virtrëtt loossen. Tëscht de Red-Bull-Pilote steet de Weltmeeschter Lando Norris, den Oscar Piastri gouf Aachten. D'Racing Bulls vu Lindblad a Lawson komplettéieren d'Topp 10.

Am Q2 hat de Kimi Antonelli d'Nues vir virun den zwee Ferrari-Piloten. Wat d'Eliminatioun ugeet, gouf et keng gréisser Iwwerraschungen. Fir de Gabriel Bortoleto war et esou just net duergaangen, de Pierre Gasly, den Nico Hülkenberg, den Oliver Bearman an déi zwee Williams (Sainz an Albon) haten e grousse Réckstand op de Liam Lawson op Plaz 10.

Den Isack Hadjar an de Liam Lawson waren am Q1 iwwerraschend op de Plazen 1 an 2 erëmzefannen. De Lawson konnt sech eréischt mat sengem leschten Essai an de Q2 retten. Den George Russell war an der Mëtt vun dësem Duerchgang vun der Strooss ofkomm an huet d'Mauer touchéiert. Mat engem neie Frontflillek koum de Britt bei sengem Heemspill awer nach en Tour weider. Wéi schonn esou dacks war nom éischten Tour fir den Esteban Ocon, déi zwee Cadillac-Piloten (Perez a Bottas) souwéi déi zwee AstonMartin (Alonso a Stroll) an de Franco Colapinto scho Feierowend.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 PIRELLI BRITISH GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO