Formel 1: Grousse Präis vu KanadaKimi Antonelli wënnt a baut WM-Virsprong no Out vum George Russell weider aus

Jeff Birsens
Den George Russell war vun der Pole Position gestart, konnt d'Course wéinst Probleemer mam Motor awer net op en Enn fueren.

E Sonndeg huet sech de Kimi Antonelli d'Victoire beim Grousse Präis vu Kanada geséchert. De Mercedes-Pilot hat sech eng Zäit laang mat sengem Teamkolleeg George Russell ëm déi éischt Plaz gestridden, éier deen awer säin Auto huet missen op d'Säit stellen. Op de Podium sinn um Enn de Lewis Hamilton an de Max Verstappen gefuer. Nieft dem George Russell gouf et och nach een "DNF" (Did Not Finish) fir de Lando Norris, Fernando Alonso, Alexander Albon, Sergio Perez an Arvid Lindblad.

Fir de Kimi Antonelli ass et déi véiert Victoire hannerteneen. Am WM-Klassement baut hie säi Virsprong doduerch an och wéinst dem Out vum George Russell op elo 44 Punkten aus.

Resumé

Op der Grille de Depart zu Montréal hunn d'Pilote fir d'éischt mol méi laang wéi gewinnt drop gewaart, datt d'Luuchte géingen ausgoen. Grond dofir war den Arvid Lindblad, dee mat sengem Auto net vun der Plaz komm ass. No zwee Extra-Tier ass et dann endlech lassgaangen an do hat den George Russell kee gudden Depart erwëscht, sou datt de Lando Norris un d'Spëtzt an och de Kimi Antonelli op P2 laanschtzéie konnten. Op P3 krut de Russell dann och nach vun hanne kuerz Drock vum Lewis Hamilton gemaach.

Den Oscar Piastri ass direkt an der éischter Ronn an d'Box gaangen an och de Lando Norris ass trotz senger Féierung schonn an der zweeter Ronn erakomm, fir seng Pneuen ze wiesselen. Sou louchen un der Spëtzt vun der Course also nees béid Mercedes-Autoen, déi sech ëmmer nees ëm déi éischt Plaz gestridden hunn. Dobäi war et och heiansdo knapp ginn, sou ass den Antonelli an der Ronn 7 beispillsweis kuerz vum Circuit ofkomm.

Wärenddeem ass et fir McLaren weider net sou wierklech ronn gelaf. Den Oscar Piastri hat e weidere Boxestopp vu méi wéi 10 Sekonnen an och beim Lando Norris huet ee gemierkt, datt hie Problemer mat sengem Gefier hat.

An der Ronn 30 war et dann op eemol eriwwer fir den George Russell. De Britt huet säin Auto wéinst Problemer mam Motor missen op d'Säit stellen, dat natierlech ganz zu der Freed vu sengem Teamkolleeg Kimi Antonelli, dee vun elo un eleng un der Spëtzt vun der Course fuere konnt. Och fir de Weltmeeschter Lando Norris war dann d'Course an der 40. Ronn eriwwer. Hien huet Probleemer mat senger Boite gemellt.

Wärend de Kimi Antonelli no 68 Ronne komfortabel op der 1. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer ass, war et hannendrun nach eemol tëschenzäitlech spannend ëm d'Plazen Zwee an Dräi ginn. Do sollt sech um Enn de Lewis Hamilton virum Max Verstappen behaapte kënnen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 ARAMCO JAPANESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO