
De Kimi Antonelli huet bis elo dräi vu véier Coursse gewonnen. Bei sengen zwou éischte Victoiren huet hien nach e bësse vum Russell sengem Pech profitéiert (technesch Problemer an der Shanghai-Quali a Safetycar-Timing zu Suzuka). Mee u senger drëtter Victoire zu Miami gouf et näischt auszesetzen, déi war propper erausgefuer. Den Antonelli huet esou an der Tabell 20 Punkten Avance op de Russell. Dee muss d'Course a Kanada gewannen, oder op d'mannst virum Antonelli iwwert d'Arrivée fueren, fir dass seng Situatioun net ze vill onbequeem gëtt.
Och den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl ass gespaant, wéi sech dat Duell iwwert déi nächst Coursse weiderentwéckele wäert: “De Momentum läit ganz kloer beim Antonelli. Den Erfarungswäert läit ganz kloer beim Russell. Am Laf vun enger laanger Saison a mat engem Antonelli, deen nach ëmmer vill Feeler mécht, ass fir mech d’Balance nach ëmmer e bësse beim Russell. An awer ass et och eng Saach dovunner, wéi se betreit gi vun hiren Ingenieuren. Déi Saach ass nach net gelaf.”
Wat eisen Expert hei undeit: den Antonelli huet mam Peter Bonington vläicht dee bessere Renn-Ingenieur. An dee kéint dëse Weekend extrem wichteg ginn. Montréal ass nämlech esou fréi am Joer wéi nach ni. Fir e Sonndeg sinn dann och maximal 13 Grad gemellt. Do ass d'Gestioun vun de Pneuen e richtege Casse-Tête. An dann ass et och nach fir déi éischte Kéier ee Sprint-Weekend, an dat op engem net-permanente Circuit. Do brauch een Top-Ingenieuren, fir séier den optimale Setup ze fannen: "De Circuit evoluéiert extrem iwwert de ganze Weekend, awer et huet een nëmmen den éischte fräien Training fir den Auto anzestellen. Dat ass relativ komplizéiert. Do kann et duerchaus sinn, dass ee fir de Sprint net de perfekten Auto huet. Et kann ee fir d’Course natierlech dorobber reagéieren, mee et reagéiert een op en Zil hin, wat sech andauernd beweegt.”, esou den Expert.
Zu Miami virun zwou Wochen haten déi meescht Ecurien ee groussen Update dobäi. Mercedes liwwert deen elo eréischt no. Mee funktionéiert den iwwerschaffte Mercedes, a wat huet d'Konkurrenz nach op Lager? Vill Inconnuen, mee eisen Expert seet: Montréal ass eng Motore-Streck, an do ass ee Motorist mat sengem Verbrenner kloer am Virdeel: “De Mercedes-Motor schéngt iergendwou tëschent 20 an 30 Päerd Avantage ze hunn op d’Konkurrenz. RedBull a Ferrari koumen zwar mat trick-räiche Flilleken, mee hunn domadder elo net de risegen Ënnerscheed op der Riichter kënne maachen. Si sinn sech eens, dass d’Mercedes-Leeschtung fir Dominanz wäert suergen. D’Fro ass natierlech: huet elo Mercedes oder McLaren d’Nues vir?” Um Pabeier maache McLaren a Mercedes d'Victoire also ënnert sech aus. Mee wann d'Wieder wierklech esou onberechenbar gëtt, wéi annoncéiert, dann ass grad um Circuit Gilles Villeneuve alles méiglech.
Den Dominique erkläert: de Circuit Gilles Villeneuve
Start-Stopp: besser kann een de Circuit Gilles Villeneuve bal net beschreiwen. No bal all lueser Kéier geet et direkt nees voll op de Gas, iert e puer honnert Meter méi spéit brutal erëm op d’Brems geklomme gëtt. Genee dëse Rhythmus – aus der Schikan eraus beschleunegen, laang Riicht, haart Bremszon – mécht Montréal zanter Joren zu enger vun de beschte Strecke fir Iwwerhuelmanöver. „On freine tard icitte“, wéi ee Quebecker géif soen. Dat villt haart Bremse bréngt awer och de Risiko vu Bremsverschläiss a potenziellem Bremsversoe mat sech.
Dobäi kënnt e Makadamm, deen op den éischte Bléck zimmlech glat wierkt, d'Pneuen awer trotzdeem degradéiere léisst. Well een zu Montréal och relativ wéineg Zäit beim Stopp verléiert, kënnen d’Ekipp strategesch méi aggressiv virgoe wéi op anere Strecken. Ënnert dem neie Reglement bleift Montreal dank ville Recuperatiounsméiglechkeeten och méi no un der aler Formel-1-Schoul.
Beim Setup si virun allem Traktioun an héijen Topspeed gefrot. Interessant de Moment: bei de „Macarena-Dänzer“ hu mer bis elo vun deene Flilleke kee risege Virdeel gesinn. Ass de Mercedes-Motor wierklech esou staark an dat ganzt Gedänzels kompenséiert just den Defizit? Oder ass et vill Show, fir d’Konkurrenz éischter ze irritéieren an zum Kopéieren ze motivéieren, aus Angscht eppes verpasst ze hunn...
Besonnesch gefuerdert ass den hënneschte lénke Pneu, well vill Sortien aus de Kéieren Traktioun mat rietse Kéiere kombinéieren. D’Konscht besteet doran, d’Aarbecht clever no vir ze verlageren, fir dee Pneu ze schützen, ouni dobäi ze vill Ënnersteieren ze provozéieren.
An da bleift nach déi grouss onbekannt: d’Wieder. Well d’Course elo schonn am Mee ass, sinn d'Temperaturen nach méi niddereg, de Reerisiko méi héich — a genee dat kéint engem Sprint-Weekend richteg Peffer ginn.
