Dëse Sonndeg op Vox ze gesinn"Kitchen Impossible" war zu Lëtzebuerg am Louis Linster sengem Stäre-Restaurant

David Winter
Beim Dréi mat dobäi war och de Luxembourg City Tourist Office, deen déi däitsch Ekipp bei de Film-Aarbechten an der Stad Lëtzebuerg aktiv ënnerstëtzt huet.
Hei gesäit een de Kach a Moderator Roland Trettl bei den Dréiaarbechten an der Stad Lëtzebuerg.
Hei gesäit een de Kach a Moderator Roland Trettl bei den Dréiaarbechten an der Stad Lëtzebuerg.
© Luxembourg City Tourist Office / Kitchen Impossible

E ganzen Dag laang huet den LCTO d'Filmcrew vu Kitchen Impossible bei den Dréiaarbechten an der Stad Lëtzebuerg begleet, fir eng Lëtzebuerg-Editioun vun der och hei am Land bekannter däitscher Reality-Kach-Show ze realiséieren.

An dëser Serie trëtt de bekannte Kach Tim Mälzer géint aner Käch, dacks berüümt Stäre-Käch, un, déi sech da géigesäiteg kulinaresch Erausfuerderunge stellen. Hei musse Platen, meeschtens aus verschiddene Länner, an de Länner selwer nogekacht ginn. Bewäert ginn d'Käch zu Schluss vun enger Jury aus der Regioun oder dem Restaurant selwer, an deem muss gekacht ginn. An dës Kéier wäert et ënnert anerem an de Grand-Duché goen, dëst sief scho verroden, an de Zwee-Stäre-Restaurant vum Louis Linster, dem Jong vum Léa Linster.

De Rôle vum Luxembourg City Tourist Office war et, der Film-Ekipp vu Kitchen Impossible déi schéinsten Ecken aus der Stad Lëtzebuerg ze weisen, fir dass authentesch a schéi Biller vun der Haaptstad fir d'Episod konnte gedréint ginn.

Wéi et vum Tourist Office heescht, gouf "tëscht verstoppten Ecken, kulinareschen Highlights an enger ganzer Partie Emotioune" gedréint. Natierlech gouf och gekacht, gelaacht an, wéi een dat vun der Show gewinnt ass, och vill geflucht. Lëtzebuerg, sou heescht et weider, géif sech bei Kitchen Impossible vun enger Säit weisen, déi een esou seelen op der Tëlee bis ewell gesinn huet.

D'Episod leeft Päischtsonndeg um 20:15 Auer um däitsche Sender Vox.

Back to Top
CIM LOGO