Keng Spuer vun den ElterenZwee kleng Kanner aus Frankräich op der Strooss a Portugal fonnt

RTL Lëtzebuerg
Well keng Kanner vermësst gemellt gi waren, spekuléiere portugisesch Medien, datt d'Kanner vun hiren Elteren ausgesat goufen.
Foto vun engem Policeauto a Portugal
Foto vun engem Policeauto a Portugal
© www.ueb.at

A Portugal sinn zwee Kanner vu grad emol 3 a 5 Joer um Bord vun der Strooss fonnt ginn. Dat tëscht der Stad Alcácer do Sal an der der Vakanzendestinatioun Comporta.

Der portugisescher Police no kommen déi zwee aus Frankräich. Vum Policebüro koume si fir d'éischt an eng Betreiungsstruktur fir Kanner, wéi et vum Policespriecher João Gaspar e Mëttwoch geheescht huet.

No enger Kontroll am Spidol e Mëttwoch de Mëtteg wieren d'Kanner dann an déi franséisch Ambassade komm. "Si sinn a Sécherheet", esou nach de Policespriecher.

Well keng Kanner vermësst gemellt gi waren, spekuléiere portugisesch Medien, datt d'Kanner vun hiren Elteren ausgesat goufen.

Back to Top
CIM LOGO