"Et war haart! An ech géing och léien, wann ech géing soen, dass dat mech net touchéiert hätt. Ech verstinn awer, datt sech d'Leit Froe stellen." Dat sot d'Nadine Braconnier iwwer déi hefteg Reaktiounen op de soziale Medien, déi hir Successioun ausgeléist huet. Déi nei Buergermeeschtesch vu Käerjeng war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
No 16 Joer huet den CSV-Buergermeeschter Michel Wolter d'Rudder u seng Fra ofginn. Dat hat fir vill Kritik gesuergt, mee de Reproche vu Vetternwirtschaft oder politeschem Calcul kann d'Nadine Braconnier net novollzéien. "Schlussendlech ass et awer mäi Walresultat, mäi gutt Walresultat, wat mécht, dass ech haut kann als Buergermeeschtesch hei sëtzen." Si war bei de Wale Véiertgewielt op der CSV-Lëscht. Den éischte Schäffe géing elo no 40 Joer Gemengepolitik och d'nächst Joer wëllen ophalen an den Drëttgewielten hätt säi Mandat no de Wale guer net ugeholl. "Aus Grënn, déi seng sinn an déi menges Wëssens näischt mat mir ze dinn hunn. Dann ass et u mir. An ech mengen, dass dat e ganz normalen demokratesche Prozess war, dee stattfonnt huet."
Donieft mengt déi nei Gemengemamm och net, dass si hiert Mandat duerch hire Mann krut. Si wier e Kënzeger Meedchen an hätt do op der Gemeng geschafft an iwwer 20 Joer laang Handball zu Käerjeng gespillt. "D'Leit kenne mech zu Käerjeng. An zwar kenne se mech als Persoun an net onbedéngt just als Fra vum Michel Wolter." Si wier och an d'Wale gaange mat hirem eegenen Numm an net dem Numm vun hirem Mann. Donieft wier si am Gemengesecteur doheem. Si war 16 Joer laang Gemengesekretärin, huet Budgeten opgestallt a Gemengerots- a Schäfferotssëtzunge gehalen. Dat géing hir elo alles zegutt kommen. Si hätt och hiren eegene Stil, wéilt hir Meenung soen, net jidderengem gefalen, mee d'Gemeng no vir bréngen, sou d'Nadine Braconnier.
Eng grouss Prioritéit vun der neier Buergermeeschtesch ass et, de Verkéier an den Dierfer ze reduzéieren. Do wier e grousst Konzept ausgeschafft ginn, nieft dem Contournement, fir de Verkéier aus den Dierfer erauszekréien oder op d'mannst ze entschleunegen. Donieft géing en neit Gemengenhaus gebaut ginn. Dat éischt ëffentlecht Gebai komplett ouni Heizung. A Käerjeng soll och säin eegene Bëschkierfecht kréien.
Als 39 Joer jonk Buergermeeschtesch ass d'Nadine Braconnier éischter d'Ausnam. Schonn 2023, wéi d'Wallëscht opgestallt gouf, wier si sech bewosst ginn, dass Frae vill méi retizent sinn, fir sech politesch z'engagéieren. "Ech mengen, Frae stelle sech en général e bësse méi a Fro a si froe sech och, wéi soll ech dat ënner een Hutt kréien. D'Famill, mäi Beruff an dann nach d'Politik." Dobäi géing een als Fra och vill Atoute matbréngen, well Fraen dacks méi Dialog-orientéiert a Kompromëssbereet wieren. Si wéilt dofir mat hirem Mandat och aner jonk Frae motivéieren, fir sech ze engagéieren,"well ech fannen, dass dat wichteg ass, eng gutt Mixitéit ze hunn, souwuel bei de Geschlechter, wéi och am Alter."
Ob een d'Nadine Braconnier 2028 op enger nationaler Wallëscht fir d'CSV gesäit, ka si haut net soen. Éischtens misst een dofir gefrot ginn an zweetens wier dat den Ament net hir Prioritéit. Si wéilt sech elo op hir Gemeng konzentréieren.
En Donneschdeg de Moie war déi Käerjenger Gemengepolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.