Verdéngt oder net?RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl iwwer den neie Weltmeeschter Norris

Franky Hippert
An der Formel 1 ass de Lando Norris neie Weltmeeschter. An der leschter Course vun der Saison zu Abu Dhabi huet de Max Verstappen op Red Bull gewonnen.
TOPSHOT - McLaren’s British driver Lando Norris celebrates with the trophy on the podium after finishing the race third to win the world championship title at the end of the Abu Dhabi Formula One Grand Prix at the Yas Marina Circuit in Abu Dhabi on December 7, 2025. (Photo by Andrej ISAKOVIC / AFP)
© AFP

De McLaren-Pilot koum als Drëtten op de Podium, an dat ass duergaangen, fir um Enn zwee Punkten Avance am WM-Klassement op den Hollänner iwwert d’Zillinn ze fueren. Ass den Titel vum Norris awer och verdéngt? Dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

“Lando Norris verdéngte Weltmeeschter, naja, ech sinn éischter mitigéiert. Dat ass natierlech perséinlech ëmfannen, mee fir mech feelt et bei him un där leschter Dominanz, un där leschter Fäegkeet, kënnen nach méi aus dem Auto erauszehuelen, kënnen déi onméiglech Ronn aus engem Auto erauszehuelen, déi am Fong guer net dran ass. Do ass hie fir mech éischter e Matleefer an en ass drop ugewisen, wat d’Ecurie ëm bidde kann, mee vun deem, wat ech bis elo gesinn hunn, ass hien net deen, deen do Extraordinäres eraushëlt.”

Zu Abu Dhabi ass et op dee leschte Grand Prix ukomm, wien dëst Joer Weltmeeschter géif ginn. Een Zenario war: wann de Max Verstappen op Red Bull gewënnt, da muss de WM-Leader Lando Norris op McLaren op de Podium kommen. An der Course war et du séier esou, datt de Verstappen effektiv éischte war, an de Norris drëtten. Ee Moment war awer de Charles Leclerc op Ferrari als Véierten dem 26 Joer ale Britt geféierlech no. Fir den RTL-Formel 1 Expert Dominique Riefstahl ass awer eppes kloer:

“Ferrari hat am Ufank Pace gewisen, ass menger Meenung no awer méi e Phenomeen, dass de Lando seng Pace geréiert huet, fir seng Pneue bescht méiglech ze schounen. Am zweete Stint konnt de Leclerc nach eng Kéier d’Pace weisen an awer hat den Norris direkt Paroli ze bidden an domadder war en ni a Gefor. Dat heescht fir mech, Ferrari hat do ni wierklech eppes matzeschwätzen am Ausgang vun der Course.”

De Lando Norris ass de 35. Weltmeeschter an der Kinneksklass vum Automobilsport, an deen éischte McLaren-Pilot zanter dem Lewis Hamilton 2008.

Back to Top
CIM LOGO