Grousse Präis vun AustralienVill Inconnue virum F1-Saisonoptakt

Serge Pauly
Elo schléit d'Stonn vun der Wourecht. Wien huet sech am beschten op déi nei Reegele preparéiert a wie riskéiert, sech beim Saisonoptakt ze blaméieren.
© JULIEN DELFOSSE/DPPI via AFP

Vill gouf schonn iwwert déi nei Reegele geschriwwen an diskutéiert. Elo musse se sech eng éischte Kéier an der Realitéit beweisen. Déi nei Motore si grad um Circuit vu Melbourne eng richteg Erausfuerderung, well et hei zimmlech vill Vollgas-Passagë gëtt, an den Energiemanagement do nach méi komplizéiert ass wéi op engem Circuit mat ville Kéieren.
An de Wantertester hu sech véier Favoritten erausgeschielt: Mercedes, Ferrari, McLaren a Red-Bull. Mee eise Formel-1-Expert Dominique Riefstahl ass iwwerzeegt, dass mir eis nach gedëllege mussen, bis mir déi ganz Wourecht kennen:

“Nom Qualifying wësse mir, wie sech iwwert eng Ronn behaapte kann, mee dat heescht net, dass dat de beschten Auto ass, wat d’Gestioun vun de Pneuen ugeet, oder d’Aart a Weis wéi ee Course fuere kann, wéi ee mat senger Energie kann ëmgoen, an der Course iwwerhuelen oder sech verdeedege kann... Do brauch een zwou bis véier Coursë bis een ufänkt ze gesinn, wien do d’Nues vir huet, a wien nach muss noleeën.” Mat Cadillac an Audi feieren och zwou renomméiert Autosmarken dëse Weekend hire Formel-1-Debut. Audi huet déi fréier Ecurie Sauber iwwerholl a baut esouguer hir eege Power-Unit. Cadillac ass eng fuschnei Ecurie, déi awer op Ferrari-Technik vertraut. An de Wantertester hunn déi zwee Newcomer sech op d’mannst net blaméiert.

Am Géigesaz zu Aston Martin. De grousse Problem si wuel Vibratioune vum neien Honda-Motor: Déi sinn esou staark, dass d’Stécker vum Auto fléien, an d’Batterie kapituléiert. Den Dominique Riefstahl kann novollzéien, dass esou Schwieregkeete bei engem neie Motor optrieden, mee hie wonnert sech, dass déi Problemer esou spéit opgefall sinn, dass elo de Saisonsstart op der Kipp steet. De Stardesigner an Teamchef Adrian Newey huet mëttlerweil confirméiert, dass Alonso a Stroll de Grand-Prix net bis op en Enn fuere kënnen, weder den Auto nach d’Pilote géifen déi staark Vibratioune packen.

Den Dominique erkläert: De Circuit vu Melbourne

“Rien ne va plus!” Och wann den éischte Grand-Prix net zu Monaco gefuer gëtt, fillt sech den Optakt vun der Saison éischter no Poker oder Roulette un. Kee weess am Moment genee, wou d’Konkurrenz steet a wat op der Streck passéiere wäert. Déi al Formel – Monaco brauch vill Appui, Monza vill Topspeed – ass duerch déi nei aktiv Aerodynamik iwwerholl. Elo ass den technesche Spagat méiglech: maximalen Upressdrock an de Kéiere bei minimalem Loftwidderstand op de Riichter. Am Ufank vun der Saison wäerten d’Ecurien awer manner mat Detailer bei de Flilleke variéieren a primär probéieren, d’Basis vun hirem neien Aero-Package iwwerhaapt ze verstoen an z’optimiséieren.

Melbourne huet weiderhin awer seng ganz eege Gesetzer. De glate Makadamm an de Manko u Säitekräfte maachen et extrem schwéier, d’Pneuen op Temperatur ze kréien. Fir d’Qualifikatioun steet jidderee virun engem strategesche Rätsel, well et bal onméiglech ass Pneuen, Bremsen an de Batterieniveau gläichzäiteg op den ideale Punkt ze bréngen. Et ass eng Situatioun am Stil vun: “Du kriss nëmmen zwou vun dräi Optiounen hin – wéi eng wiels du aus?” Wien hei am Virfeld am cleverste simuléiert huet a séier op d’Konditioune reagéiere kann, huet schonn eng hallef Nues vir.

Duerch déi vill laang Riicht ass Melbourne zousätzlech en Energie-hongerege Circuit. Bensinnsverbrauch a Batteriemanagement ginn op Häerz an Niere gepréift an et ass z’erwaarden, datt d’Piloten an der Quali op onorthodox Fuerstiler zeréckgräifen, fir d’Energie optimal ze notzen. An der Course selwer mussen déi nei Overtake- a Boost-Modi beweisen, ob déi nei Reegele wierklech de gewënschten Effekt op d’Aktioun an d’Zweekämpf hunn. Zu Melbourne wäert sech eng éischte Kéier erauskristalliséieren, ob déi nei Ära e positive Schrëtt fir de Sport ass.

© Mercedes-AMG Petronas F1-Team

Back to Top
CIM LOGO