Den Dominique erkläertNei F1-Reegelen – Är Froen un eisen Expert Dominique Riefstahl

Serge Pauly
Déi nei F1-Reegele suerge bei Ingenieuren a Pilote fir vill Kappzerbrieches. Mee wat muss een als F1-Fan alles virun der neier Saison wëssen? Eisen F1-Expert beäntwert Är Froen.
© RTL Grafik

Motore mat Boost- an Overtake-Modus, Batterië mat Derating a Superclipping, eng aktiv Aerodynamik mat Straight- a Corner-Modus... Net nëmmen Ingenieuren a Pilote musse sech komplett ëmstellen, och d’F1-Fans musse sech un en neie Vocabulaire gewinnen.

Mee wéi funktionéieren déi nei Reegelen elo? Wéini däerf ee seng Spoileren erofklappen? Wéi kann ee seng Batterie oplueden? Wéi vill Kilojoule huet ee fir ee Géigner z’attackéieren? A wat ass iwwerhaapt Superclipping?

E Freideg, de 6. Mäerz, vu 17 Auer un, beäntwert den RTL-F1-Expert Är Froen zu den neie Reegelen. Live am Stream op RTL.lu an RTL PLAY.

Schéckt Är Froen un den Dominique elo schonn eran – iwwert d’Whatsapp-Nummer 621-777888 oder dëse Formulaire hei drënner:

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO