
An der Formel 1 ass et beim Grousse Präis vun Abu Dhabi de grousse Showdown, et ass d’Apotheose vun enger Saison mat enger quasi net méi fir méigleche gehalener Remontada vum Max Verstappen. Virun deene leschten 58 Tier um Yas Marina Circuit kommen mam Lando Norris, Oscar Piastri an eben dem Verstappen, nach 3 Piloten a Fro fir de Weltmeeschtertitel.
2010 war déi leschte Kéier, datt dräi Pilote bei der leschter Course nach ëm d’WM-Kroun gekämpft hunn. Dat waren deemools de Fernando Alonso op Ferrari an de Mark Webber, haut Manager vum Oscar Piastri, an de Sebastian Vettel, allebéid op Red Bull. Um Enn huet sech de Sebastian Vettel an enger total geckeger Course, obwuel hie just drëtte virum Depart am WM -Klassement war, säin éischte Weltmeeschter Titel geséchert. Lo huet de Lando Norris op McLaren 12 Punkten Avance op de Max Verstappen op Red Bull a 16 op säi McLaren-Equipier Oscar Piastri. Fir den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl huet nach ëmmer ee Pilot Kaarte selwer an der Hand:
“Ganz kloer ass de Lando Norris nach ëmmer e Favorit. E läit relativ komfortabel vir an der Weltmeeschterschaft. E muss u sech just eng relativ ‘safe’ Course fueren, fir de ganzen Titel mat heem ze huelen. Mental gesinn ech allerdéngs de Momentum kloer beim Max Verstappen, deen Onméigleches aus deem Auto erausgeholl huet. Kloer, hie brauch e Wonner, fir kënnen den Titel ze huelen. Mee hien huet den Avantage, dass déi ganz Ecurie domadder eens gëtt, ëm de Meeschtertitel ze fueren.”
Deen einfachsten Zenario, datt den Norris eng éischte Kéier Weltmeeschter gëtt, ass, datt hien an den Top 3 iwwer d’ Zillinn fiert. McLaren ass elo zum Schluss vun der Saison awer ëmmer méi a sech zesummegefall, sou datt dat elo de Weekend sécherlech net vum selwe geet:
“Et ass eréischt an de leschten zwee Joren, wou se erëm mat virbäi sinn. Déi Jore virdrun waren se éischter am mëttel - an ënneschte Mëttelfeld ënnerwee. Dat waren se bal 15 Joer laang. An e ganz Koup Leit bei hinne sinn einfach net méi gewinnt, deen Drock, déi Attentioun, deen ganze Fokus vun de Medien a vum Sport op sech selwer ze hunn.”
De 5,28 Kilometer laange Yas Marina-Circuit dierft awer a priori e Virdeel fir Papaya sinn, seet den RTL-Formel-1-Expert: “Vum Circuit hier ass et u sech McLaren-Territoire. D’Majoritéit vun de Kéieren ass am Beräich vun der mëttlerer Vitess. Och am Katar huet ee gesinn, dat ass absolutt McLaren-Territoire. Do kann hiren Auto seng Stäerkten ausüben. Dann den drëtte Secteur ass een, deen enorm vill Temperatur an d’Pneue bréngt. McLaren ass relativ staark doranner seng Pneue kënnen ze geréieren, souwuel se séier waarm ze kréien, wat och op engem relativ glate Makadamm néideg ass zu Abu Dhabi, wéi och se net ze waarm ze kréien, wat am Laf vun der Course fir d’Pace wichteg ass. Eenzege Bemol: Top Speed ass net d’Stäerk vum McLaren, ass awer d’Stäerkt vum Red Bull an do kéinte si trompen op deenen zwou laange Riichten.”
D’Piloten hu virun esou enger leschter Course natierlech en enormen Drock. De Max Verstappen huet allerdéngs mat senge véier Titelen an senger genereller Approche am mannsten ze verléieren. Beim Rescht vun enger Ecurie soll virun allem ee Moto am Vierdergrond stoen.
“Fir d’Ingenieuren, fir d’Mecanicien, just follow the procedures. Maach alles d’selwecht wéi s de soss ëmmer méchs, maach der guer keng Gedanken wourëms et geet, maach just deng Aarbecht, stell als Ingenieur den Auto beschtméiglech an, stell als Mecanicien sécher, dass den Auto gutt zesummgeschrauft ass, dass alles funktionéiert, dass alles dicht ass, an da leeft dat Ganzt vum selwen.”
2021 hat sech de Max Verstappen jo an enger total verréckter Schlussphase am Duell mam Mercedes-Pilot Lewis Hamilton säin éischte Weltmeeschter Titel zu Abu Dhabi geséchert. Wéi et dann dës Kéier ausgeet, kënnt dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL Play suivéieren. Den zweete fräien Training ass e Freideg de Mëtteg um 14 Auer, an deen drëtten e Samschdeg um 11.30 Auer. D’Qualifikatioun fänkt dann um 15 Auer un. E Sonndeg ass den Depart vum Grousse Präis vun Abu Dhabi um 14 Auer, de Virprogramm op RTL Lëtzebuerg fänkt um 13.15 un.