
D’Kapitel Martin Forkel ass no dëser Saison bei der Victoria Rouspert eriwwer. Béid Parteien hu sech dorop gëeenegt, den auslafende Kontrakt net ze verlängeren. Dat huet eis den däitschen Trainer an engem Gespréich confirméiert.
Zanter elo véier Joer steet de Martin Forkel zu Rouspert an der Responsabilitéit. An deene leschten dräi Saisone konnt d’Victoria de Maintien feieren. Aktuell steet d’Ekipp vum Camping no 20 Spilldeeg mat 23 Punkten op der 11. Plaz an der Tabell. Den Ecart op d’Barrageplazen ass allerdéngs just ee Punkt.
2022 hat de Martin Forkel bei der Victoria ënnerschriwwen, nodeems hien annerhalleft Joer zu Berbuerg um Trainerstull gesiess hat. Virdru war hie souwuel an de Vereenten Arabeschen Emirater, dem Iran, dem Vietnam an an Däitschland am Jugendberäich zu Saarbrécken aktiv.
Als Spiller huet de Martin Forkel ënner anerem 164 Matcher an der zweeter däitscher Bundesliga fir Greuther Fürth, Wacker Burghausen an d’TuS Koblenz gespillt.
Martin Forkel: “Jo, et ass richteg, datt ech gëschter, no bal véier flotte Joren zu Rouspert, dem Veräin an de Spiller matgedeelt hunn, datt ech mäi Kontrakt zu Rouspert net verlängere wäert. Mir souzen an de leschte Wochen dacks zesummen, konnten eis awer net eenegen, sou datt ech du gëschter meng Decisioun offiziell matgedeelt hunn. Et ännert fir mech awer absolutt guer näischt drun, datt ech de Wee, de mir déi lescht dräi an en halleft Joer zesumme gaange sinn, och bis zum Schluss erfollegräich wëll weidergoen. Mat dem nämmlechten Engagement, der nämmlechter Motivatioun, der nämmlechter Passioun, fir eis Ziler ze erreechen. Mir sinn an der Véierelsfinall vun der Coupe. Do wëlle mir sou wäit kommen, wéi et nëmme geet. Am Championnat hu mir nach 10 Spilldeeg virun der Broscht a mir wäerten do och bis zum Schluss Vollgas ginn, fir d’Zil Klassenerhalt ze erreechen an um Enn zesumme kënnen ze feieren, fir datt mir mat engem gudde Gefill ausernee kënne goen.”