Zanter laange Jore besteet eng Bindung tëscht dem FC Metz a Lëtzebuerg. Dës Saison ass dës Bindung besonnesch grouss, well mam fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz e Lëtzebuerger Cheftrainer ass. Mam 16 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller Hamza Kadamani steet e ganz grousst Talent um Terrain. Op der Touche gëtt de Luc Holtz vun zwee Co-Traineren assistéiert, déi och zu Lëtzebuerg ganz bekannt sinn.
Den FC Metz ass d'lescht Saison an d'Ligue 2 ofgestigen, mä huet grouss Ambitiounen, fir d'nächst Saison nees ganz uewe matzespillen. Schonn an de 1960er Jore ware Lëtzebuerger beim FC Metz aktiv an dat esouwuel wéi si ganz uewe gespillt hunn wéi och op zweethéchstem Niveau. Elo ass et eben den Hamza Kadami, dee mat 16 Joer schonn 3 Mol d'Confiance vu sengem Trainerstaff krut an agewiesselt gouf. De Mario Mutsch huet zwou Saisonen zu Metz gespillt. Als Trainer war hie virun allem bei der FLF aktiv, dat zum Beispill schonn als Co-Trainer vum Luc Holtz.
"Ech kennen d'Haus. Ech hunn hei zwee Joer gespillt. Ech hunn och gutt Souveniren, also vun deemools, wéi ech hei gespillt hunn, et war eng schéin Zäit, hu ganz vill Matcher däerfe spillen an och de Stadion kenneléieren an de Publikum an dat Ganzt, dee Feeling hei. Dofir ass et näischt Neies fir mech. Och wa sech elo eppes hei geännert huet, och vun den Infrastrukturen, dat ass vill, vill besser gi wéi virun etlech Joren".
Och de Yannick Kakoko ass e fréiere Spiller vum FC Metz. Allerdéngs war hien als Jugendleche bei de Grenats. A senger aktiver Karriär huet hien zum Beispill bei den U17 an U19 vu Bayern München gespillt an hei am Land zu Péiteng a beim F91 Diddeleng. De 36 Joer alen däitschen Trainer huet eréischt viru véier Joer seng Trainerkarriär ugefaangen. Seng Statioune ware Péiteng, de Stater Racing, den FC Déifferdeng an elo eben de Posten als Assistent vum Luc Holtz. Mir ware gewinnt, datt hien eis zu Lëtzebuerg op Däitsch d'Interviewe ginn huet, mä elo zu Metz huet hien als richtege Polyglott d'Optioun gezunn, eis op Franséisch ze äntweren.
"De revenir ici, c 'était au début bizarre, au bout de plus de vingt ans, mais non, après il y a quand même des choses qui ont changé. A l'époque, quand j'étais là, j'étais au centre de formation, donc je n'étais pas ici à Frescati. Et puis, oui, le contexte évidemment ça change, maintenant c'est un autre rôle, c'est différent, j'ai acquérir d'autres expériences."
Mat der aktueller 6. Plaz an der Ligue 2 kann een den Ament uerdentlech liewen no dräi Spilldeeg. Op der Bänk sëtze mat Luc Holtz, Mario Mutsch a Yannick Kakoko Leit, déi bekannt sinn, fir de jonke Spiller eng Chance ze ginn, wéi jo dem Hamza Kadamani awer net nëmmen him. De Lien tëscht Lëtzebuerg an dem FC Metz ass fir d'Zukunft garantéiert, well verschidde jonk Lëtzebuerger Deel si vun der Futtballschoul vum FC Metz.