
Den Enzo Maresca ass offiziell als neie Cheftrainer vu Manchester City virgestallt ginn. De 46 Joer alen Trainer, deen dem Pep Guardiola seng Positioun iwwerhëlt, huet e Kontrakt fir dräi Joer ënnerschriwwen a bleift domat bis Summer 2029 am Etihad Stadion.
"Manchester City ass e Club, dee ganz gutt gefouert gëtt. Alles gëtt hei geplangt an innovativ ugepaakt, wat fir e Cheftrainer optimal Konditioune sinn", sou de Maresca an enger éischter Reaktioun.
Fir den Italieener ass dëst net déi éischt Trainer-Positioun an der englescher Premier League. Vun 2023 bis 2024 war hie bei Leicester City a vun 2024 bis 2026 bei Chelsea ënner Vertrag.
De Guardiola war 10 Joer Cheftrainer vu Manchester City an huet an där Zäit sechs Mol d'Premier League gewonnen an dem Club 2023 zum prestigiéisen éischten Champions League Titel verhollef. Den Drock op de Maresca wäert deemno vun Ufank u grouss sinn.