Moies war et un den Dammen, am Nomëtteg un den Hären, an zweemol ass d'Decisioun am Sprint gefall.
Den Arthur Kluckers konnt sech e Sonndeg de Mëtteg no 143 Kilometer Course zu Mamer a Sprint géint de Mathieu Kockelmann an de Mats Wentel behaapten. Bis d'Jury dës Decisioun geholl hat, huet et awer eng déck Stonn gedauert. De Grond: op de leschte Meter hat den Arthur Kluckers seng Linn net ganz gehalen an huet de Mathieu Kockelmann d'Dir zougemaach. De jonke Coureur vu Lotto - Intermarché huet doropshi säin Effort net ganz kënnen duerchzéien an huet sech mat de zweeter Plaz missten zefridde ginn. D'Arrivée zu Mamer war fir e chaotesche Sprint predestinéiert an esou sollt et um Enn och kommen. Den Arthur Kluckers verdeedegt no enger intensiver a spannender Course säin Titel.
Schonn am éischte vun am ganzen néng Tier konnt sech eng Echappée vun 10 Coureuren ofsetzen. Mat dobäi waren ënner anerem de spéidere Vainqueur bei der Elite sans Contrat a Lokalmatador Yannis Lang. Dëse Grupp krut séier eng Avance vun iwwer zwou Minutten, éier d'Profien am Peloton reagéiert hunn. Kluckers, Kockelmann, Wenzel an de Recht vun de Profien hunn awer reagéiert a konnten zesummen den Ecart lues a lues zoufueren. Am fënneften Tour war nees alles beieneen. Vun elo u gouf et permanent Attacken, ouni dat e Grupp sech awer definitiv konnt ofsetzen. Um Enn ass d`Entscheedung am Sprint gefall. Bei der Elite sans Contrat stounge mam Yannis Lang nach de Flavio Astolfi an de Charel Meyers mat um Podium.
Elite Männer
1. Arthur Kluckers
2. Mathieu Kockelmann
3. Mats Wenzel
Elite ouni Kontrakt
1. Yannis Lang
2. Flavio Astolfi
3. Charel Meyers
Fannt hei all d'Rrsultater am Iwwerbléck.