Haut viru 40 JoerArgentinien gëtt fir d'zweet Futtball-Weltmeeschter

Tom Nols
Mat enger 3:2-Victoire géint d'Bundesrepublik Däitschland kënnen d'Argentinier sech no 1978 eng weider Kéier zum Weltmeeschter kréinen. Hire Kinnek heescht Diego Maradona.
Den Diego Maradona huet grad de WM-Pokal iwwerreecht kritt
Den Diego Maradona huet grad de WM-Pokal iwwerreecht kritt
© DOMINIQUE FAGET/AFP

Am Aztekenstadion zu Mexiko City kënnt et zur WM-Finall 1986. Argentinien géint d'Bundesrepublik Däitschland. De Parcours vu béiden Ekippen ass bis dohi ganz ënnerschiddlech verlaf.

De Wee an d'Finall

Als Éischt vum Grupp A haten d'Argentinier d'Virronn hannert sech gelooss. Zwou Victoirë géint Südkorea a Bulgarien, nieft engem Gläichspill géint Italien, ware gutt fir Plaz 1 am Grupp. Am Duell vun den Ex-Weltmeeschter konnten d'"Albiceleste" an der Aachtelsfinall 1:0 géint Uruguay gewannen. D'Véierelsfinall géint England ass net just wéinst der "Hand Gottes" an d'Annale vun der Futtball-Geschicht agaangen. Béid Länner haten nëmme 4 Joer méi fréi Krich gefouert ëm d'Falklandinselen, deementspriechend grouss war d'Brisanz an dësem Duell. Dem Maradona säin zweete Gol sollt spéider zum schéinsten an der Geschicht vun der WM gewielt ginn. An der Halleffinall waren d'Belsch de Géigner, déi um Wee dohin zweemol hate mussen an d'Verlängerung goen. Um Enn haten d'Diables Rouges den Argentinier näischt entgéint ze setzen an hunn 0:2 géint Maradona a Co verluer.

© AFP

Däitschland hat d'Virronn just op der zweeter Plaz am Grupp E ofgeschloss. Den Trainer vun Uruguay hat no der Auslousung vun engem "Doudesgrupp" geschwat, an deem de Vizeweltmeeschter Däitschland, de Südamerikameeschter Uruguay an den EM-Halleffinalist Dänemark openee getraff sinn. De Begrëff vum "Doudesgrupp" hält sech bis haut. Hannert den Dänen, géint déi dem Kaiser Franz seng Männer 0:2 verluer haten, waren déi West-Däitsch déi Zweet ginn an an der Aachtelsfinall op defensiv agestallt Marokkaner getraff, déi se mat engem spéiden 1:0 eliminéiere konnten. D'Véierelsfinall géint Mexiko war och eng zéi Affär a réischt am Eelefmeterschéissen decidéiert ginn. Frankräich war an der Halleffinall net amstand, senger Favoritteroll gerecht ze ginn an huet no engem 0:2 den Däitschen de Wee an d'Finall mussen iwwerloossen.

Eng holpreg Finall

Sonndeg, 29. Juni 1986, um 12 Auer mëttes Lokalzäit gëtt d'Finall zu Mexiko City ugepaff. Europa sëtzt um 20 Auer zur perfekter Prime Time virun den Tëleesschiermer. D'Sympathië sinn am Aztekenstadion eendeiteg verdeelt. Op där enger Säit déi spillfreedeg a kreativ Argentinier, op där anerer déi schwéierfälleg Däitsch, déi virun allem mat Kampf a Konditioun an d'Finall komm sinn. Fir vill Leit zu Onrecht. Op 2.238 Meter iwwer dem Mieresspigel gëtt d'Partie virun 114.600 Spectateuren ugangs enger Finall kaum gerecht. No engem Feeler vum däitsche Golkipp Harald Schumacher ass et an der 21. Minutt den 1:0 fir Argentinien duerch de José Luis Brown. Mat deem Resultat geet et no weiderem more Kascht och an d'Kabinnen.

Argentinien an Däitschland virun der WM-Finall 1986
Argentinien an Däitschland virun der WM-Finall 1986
© SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi zweet Hallschent ass ënnert anerem vun argentineschem Zäitspill gepräägt, dräi Spiller kréien dowéinst déi giel Kaart. De Brown renkt sech déi riets Schëller aus, spillt awer weider a sollt duerno ni méi richteg gesond ginn. Duerch de Valdano ginn d'Südamerikaner an der 56. Minutt a Féierung a kee méi gleeft drun, dass déi Däitsch déi Partie nach dréine kéinten. Mat engem drëtte Stiermer geheie si um schlechten Terrain alles no vir, evitéiere sou just den 0:3 a kënnen an der 74. Minutt duerch de Karl-Heinz Rummenigge verkierzen. Wéi de Rudi Völler aacht Minutte méi spéit ausgläicht, läit Argentinien um Buedem an Däitschland gleeft un eng spéit Victoire. Genee 157 Sekonne laang. Maradona op Burruchaga, 3:2, Argentinien ass Weltmeeschter.

D'Suite vun 1986

D'BRD als Vizeweltmeeschter diskutéiert duerno laang iwwer taktesch Feeler. Huet de Franz Beckenbauer mam Lothar Matthäus als Manndecker fir den Diego Maradona dat eegent Spill geschwächt? Hätten déi dräi Goler kënnen evitéiert ginn? Fir Magath, Briegel, Jakobs, Schumacher, Eder, Hoeness, Förster, Rummenigge, Stein an Allgöwer war et dee leschten Asaz an der "Mannschaft".

© AFP

Den Diego Maradona gëtt spéitstens no dësem Weltmeeschtertitel zum absolutte Superstar an net nëmmen a senger Heemecht wéi e Gott veréiert. Hie gëtt zum argentineschen a südamerikanesche Futtballspiller vum Joer gewielt, grad esou wéi zum inoffizielle Weltfuttballer.

1990 sollt et fir dem Franz Beckenbauer seng erneiert Ekipp zu Roum zur Revanche komme géint Argentinien, déi Kéier zum Virdeel vum vereenten Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO