Déidleche Malaise zu RéimechGemengerotsmember Jean-Marc Hierzig gestuerwen

Pierre Jans
E Samschdeg de Moie war et zu engem Tëschefall komm, bei deem en Trakterfuerer e Malaise hat.

E 67 Joer ale Mann war no engem Malaise mat sengem Trakter verongléckt, a gestuerwen. Dat war e Communiqué, dee d'Police e Samschdeg erausginn hat.

D'Ongléck war géint 6.50 Auer e Samschdeg an der Munnerefer Strooss zu Réimech geschitt. Een Dag méi spéit wësse mer, ëm wien et sech beim Doudesaffer handelt. Et ass den DP-Politiker Jean-Marc Hierzig, deen zu Réimech am Gemengerot souz. Den Hobbywënzer an engagéierte Réimecher Bierger ass Papp vun dräi Kanner.

Der Police no war hien nach vun de Membere vum CGDIS aus der Kabinn vum Trakter geholl, op der Plaz reaniméiert an an d’Spidol bruecht ginn. Do wär hien awer méi spéit verscheet.

Back to Top
CIM LOGO