Gruppephas vu Futtball-WM eriwwer Iwwerraschungen, Enttäuschungen an onvergiesslech Fan-Momenter

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg Lëtzebuerger Zäit sinn déi lescht Decisiounen an der Gruppephas vun der Futtball-WM gefall.
Cap Vert feiert de Sprong an d'K.o.-Phas
Cap Vert feiert Sprong an d'K.o.-Phas
© MCGUELBER/Odyssey Images via AFP

D'Gruppephas vun der XXL-Futtball-WM 2026 ass eriwwer. Fir d'éischte Kéier an der Geschicht gëtt d'WM an dräi Länner organiséiert - USA, Kanada a Mexiko. Nëmmen a Mexiko ass Futtball Nationalsport. Ma d'USA a Kanada konnten och an der Gruppephas iwwerzeegen, sou datt déi dräi Natioune weiderhi mat dobäi sinn.

Enttäuschungen

Zu de gréissten Enttäuschungen op der WM zielt d'Tierkei. Mat groussen Ambitiounen ass d'Tierkei, déi zanter 2002 nees eng éischte Kéier mat dobäi war, ugereest. Ma Yildiz, Güler, Çalhanoğlu a Co. konnten hirer Favoritteroll am Grupp D net gerecht ginn a waren no den Néierlage géint Australien a Paraguay scho fréi eliminéiert.

Grouss Enttäuschung och an Uruguay. Fir den zweefache Weltmeeschter ass d'WM no der Gruppephas schonn eriwwer. Trotz engem Kader mat internationaler Klass ass ee géint Saudi-Arabien an de Cap Vert net iwwert e Remis erauskomm an no der Defaite géint Spuenien stoung den Out fest.

Eng Rei Topp-Natiounen hunn an der Gruppephas gewackelt, vun enger Eliminatioun ware se awer alleguer wäit ewech. Dat läit och dorunner, datt duerch d'Opstocke vun de Participanten nëmme 16 vun den insgesamt 48 Participanten eliminéiert goufen.

Fir d'éischte Kéier an der K.o.-Phas

Freeë konnte sech eng Rei Natiounen iwwer déi éischt Qualifikatioun fir d'K.o.-Phas bei enger WM. Südafrika huet et beispillsweis bei der véierter Participatioun eng éischte Kéier iwwer d'Gruppephas eraus gepackt. Gelongen ass dat ë.a. och nach dem Cap Vert an dem Kongo.

Fans

Wat wier d'WM ouni hir Fans? Si suergen ëmmer nees fir den eenzegaartege WM-Geescht. Besonnesch erausgestach hu bis ewell d'Supporter aus Norwegen. Si rudderen nämlech. Si maachen et wéi deemools d'Wikinger, déi och a Richtung Nordamerika geruddert waren.

Fir hir gutt Stëmmung bekannt sinn och d'Schotten. Zu Dausende ware se op der WM dobäi an hu mat hire Fan-Gesäng an den Duddelsäck fir onvergiesslech Momenter gesuergt. No der Gruppephas sinn déi Biller awer Geschicht, well Schottland de Sprong an d'1/16-Finallen net gepackt huet.


Weider Artikelen iwwer d'Gruppephas


Hei den Iwwerbléck vun all de 1/16-Finallen

E Sonndeg geet et an d'K.o.-Phas. Hei dierf sech keng Ekipp méi en Ausrutscher erlaben, wann een den Titel gewanne wëll.

De Wee vun de 1/16-Finalle bis an d'Finall fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Sonndeg, 28.06.2026 21:00 Südafrika – Kanada

Méindeg, 29.06.2026 19:00 Brasilien – Japan

Méindeg, 29.06.2026 22:30 Däitschland – Paraguay

Dënschdeg, 30.06.2026 03:00 Holland – Marokko

Dënschdeg, 30.06.2026 19:00 Côte d'Ivoire – Norwegen

Dënschdeg, 30.06.2026 23:00 Frankräich – Schweden

Mëttwoch, 01.07.2026 03:00 Mexiko – Ecuador

Mëttwoch, 01.07.2026 18:00 England – DR Kongo

Mëttwoch, 01.07.2026 22:00 Belsch – Senegal

Donneschdeg, 02.07.2026 02:00 USA – Bosnien-Herzegowina

Donneschdeg, 02.07.2026 21:00 Spuenien – Éisträich

Freideg, 03.07.2026 01:00 Portugal – Kroatien

Freideg, 03.07.2026 05:00 Schwäiz – Algerien

Freideg, 03.07.2026 20:00 Australien – Ägypten

Samschdeg, 04.07.2026 00:00 Argentinien – Cap Vert

Samschdeg, 04.07.2026 03:30 Kolumbien – Ghana

Back to Top
CIM LOGO