Lëtzebuerger Futtballer am AuslandNationalgolkipp Tiago Pereira Cardoso fir eng Saison u RAAL La Louvière ausgeléint

RTL Lëtzebuerg
Wéi dem Tiago Pereira Cardoso säi Veräin Borussia Mönchengladbach matdeelt, huet een de Lëtzebuerger Nationalspiller an déi éischt Belsch Liga ausgeléint.
A sengem véierte Bundesligamatch Ufank Dezember 2025, engem 1:1 géint St. Pauli, huet de Tiago Pereira Cardoso et esouguer an d'Kicker-Elf des Tages gepakt.
© AFP

Den 20 Joer jonke Golkipp spillt déi nächst Saison an der Jupiler Pro League fir RAAL La Louvière. Wéi Gladbach op hirem Site schreiwen, huet den Tiago Pereira Cardoso scho fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp gespillt a stoung och schonn an der Bundesliga am Gol. Elo fir et fir de jonke Keeper wichteg, an enger staarker Liga Spillpraxis ze kréien.

Gladbach huet mat dësem Wee, jonk Golkipper auszeléinen, an der Vergaangenheet gutt Erfaarunge gesammelt an et hofft een och, datt dëst beim Roude Léiw fäert klappen. Den Tiago Pereira Cardoso ass zanter 2022 zu Mönchengladbach an huet hei Matcher fir d'U17, U19 an d'U23 gespillt. Bei sengem Debut an der Bundesliga am Mäerz 2025 hat hie beim 3:0 zu Heidenheim säi Gol propper gehalen. Bis ewell war hie fënnef Mol an der Bundesliga am Asaz a stoung aacht Mol am Gol vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.

Donieft ass et och d'Nouvelle aus Augsburg, dass de jonke lëtzebuergesche Nationalspiller Aiman Dardari fir eng Saison an déi 3. däitsch Liga u Rot-Weiss Essen ausgeléint gëtt. Dës Saison huet den 21 Joer alen Offensivspiller an der 2. Bundesliga fir Greuther Fürth gespillt. RW Essen war als Tabellendrëtten an der 3. Liga no um Opstig an déi 2. Bundesliga, an der Relegatioun hat ee sech awer géint Fürth musse geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO