Lëtzebuerger FuttballnationalekippenFLF presentéiert zwee nei Tricoten

Sam Rickal
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet en Dënschdeg déi éischt zwee nei Tricoten fir d'Nationalekippen virgestallt.
© FLF

Réischt viru ronn 2 Wochen huet d'FLF annoncéiert, eng Kooperatioun bis 2030 mat JAKO ënnerschriwwen ze hunn. An Zesummenaarbecht mam däitschen Hiersteller goufen
en Dënschdeg zwee Tricoten presentéiert, ee rouden an een hellbloen.

Wéi et an engem Communiqué vun der Lëtzebuerger Federatioun heescht huet, sollen déi nei Uniformen e Mix aus Traditioun, Charakter a Modernitéit rëmspigelen. De rouden Heem-Tricot steet ganz am Zeechen vum Roude Léiw.

Beim zweeten hellbloen Tricot hu sech d'FLF, wéi och JAKO un der hellbloer Faarf vum Lëtzebuerger Fändel inspiréiert.

Dës nei Tenue si souwuel fir d'Hären, wéi och fir d'Dammen. Bannent den nächsten zwee Jore sollen alleguer d'Futtballnationalekippen domadder equipéiert ginn.

Déi zwee nei Maillote kritt ee vun elo un am FLF-Shop ze kafen. Fir déi éischte Kéier kommen dës Tricoten an der Nations League vun den Hären an den Asaz. D'Ekipp vum Jeff Strasser spillt de 26. September fir d'éischt auswäerts a Bulgarien. Dräi Deeg drop spillen d'Rout Léiwen am Stade de Luxembourg géint Island.

Communiqué vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun
FLF a JAKO presentéieren zwee nei Tricoten

Back to Top
CIM LOGO