Lëtzebuerger FuttballnationalspillerFlorian Bohnert wiesselt bei den FC Hansa Rostock

RTL Lëtzebuerg
Den 28 Joer ale Bohnert stoung zanter 2023 beim SC Bastia ënner Vertrag an ass mam Club aus der Corse lescht Saison an déi drëtt franséisch Liga ofgestigen.
© Gerry Schmit / sportspress 13102025

Den FC Hansa Rostock spillt an der 3. däitscher Liga wou e lescht Saison mat 87 Punkten op déi fënneft Tabelleplaz koum. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller ass et net déi éischt Statioun an Däitschland: Hie war scho fir déi zweet Ekippe vu Schalke a Mainz am Asaz, wéi och fir den FK Pirmasens an hat an der Jugend vum 1. FC Saarbrécken gespillt.

An de soziale Reseauen huet säin neie Veräin d'Verflichtung vum Florian Bohnert scho bekannt ginn. Den Defenseur wäert mat der Nummer 3 oplafen. Hien ass eréischt den zweete Lëtzebuerger an der Geschicht vu Rostock. Vun 2022 bis 2023 huet schonn de Sébastien Thill fir d'Hansa gespillt.

Fannt hei e komplette Communiqué vum FC Hansa Rostock zum Wiessel.

Back to Top
CIM LOGO