
De Sébastien Thill stoung zanter 2023 beim polneschen Éischtligist Stal Rzeszów ënner Vertrag a koum hei op 80 Asätz mat 14 Goler. Do virdrun hat de Lëtzebuerger Nationalspiller fir ee Joer beim FC Hansa Rostock an der zweeter däitscher Bundesliga gespillt.
Donieft ass et dann och d'Nouvelle, datt den Déifferdenger Stiermer Artur Abreu, dee vergaange Saison 7 Goler fir de Vize-Champion geschoss huet, sech schro un der Schëller blesséiert huet an dowéinst fir déi nächst 2 bis 3 Méint ausfale wäert.