Wéinst Restriktioune beim Reese wärend der WMIranesch Futtballfederatioun mécht eng Plainte bei der Fifa

AFP, iwwersat vun RTL
Obwuel ee säi Virbereedungsplang wäit am Viraus geschéckt hätt, géif ee vun den Organisateure mat Rees-Restriktioune beluecht ginn, sou déi iranesch Federatioun.
Spiller a Membere vum Staff vun der iranescher Futtballnationalekipp
Spiller a Membere vum Staff vun der iranescher Futtballnationalekipp
© DOGUKAN KESKINKILIC/Anadolu via AFP

De Staff vun der iranescher Futtballnationalekipp wäert eng Plainte bei der Fifa aleeën, well d'Ekipp am Kader vun der Futtballweltmeeschterschaft an Nordamerika säitens den USA mat onfaire Rees-Restriktioune géif beluecht ginn.

Obwuel ee säi Virbereedungsplang wäit am Viraus geschéckt hätt, géif ee vun den Organisateure mat esou Restriktioune beluecht ginn. Dat hätt en negativen Impakt op d'Ëmsetzung vun de Pläng vum technesche Staff, sou e Spriecher vun der iranescher Federatioun.

Konkreten Ausléiser vun der iranescher Plainte ass de Refus vun den USA, d'Nationalekipp zwee Deeg virum Match géint d'Belsch zu Los Angeles vun dësem hire Camp am mexikaneschen Tijuana op d'Plaz reesen ze loossen, obwuel een erkläert hätt, dass d'Ekipp mat Zäite misst zu Los Angeles sinn, fir sech un d'lokal Konditiounen unzepassen an de leschten Training ze hunn. D'iranesch Federatioun war och scho wéineg begeeschtert driwwer, dass een nom Match géint Neiséiland nach um nämmlechten Dag huet mussen zeréck a Mexiko fléien.

Vun US-Säit kënnt iwwerdeems kee Versteesdemech fir déi iranesch Doleancen. Et hätt een déi iranesch Federatioun am Viraus driwwer informéiert, dass hir Ekipp fréistens een Dag virun hire Matcher dierft areesen, an dass si d'Land nach um Dag vum Match misste verloossen, sou den Andrew Giuliani, Direkter vun der Fifa-Task-Force am Wäissen Haus, deen och preziséiert huet, dass dat fir dem Iran säi leschte Gruppematch géint Ägypten d'nämmlecht wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO