Futtball-Highlight vum JoerRTL sicht fir Reportagë Lëtzebuerger, déi op der Weltmeeschterschaft sinn

RTL Lëtzebuerg
Sidd Dir aktuell an den USA, Mexiko an oder Kanada fir d'Futtball-WM a wëllt Är Andréck deelen? Da mellt Iech bei eis!
© Shutterstock

Et ass de Futtball-Highlight vum Joer: D'Weltmeeschterschaft an dräi verschiddene Länner an Nordamerika. Fir Fans, déi vill Matcher wëlle gesinn, bedeit datt zwar wuel vill Reesen, mä och, datt ee verschidde Kulturen, Regiounen a Klimazone ka wärend e puer Woche gesinn.

Och wann d'Rout Léiwe sech net fir dëse sportlechen Highlight qualifizéiere konnten, reesen awer ëmmer nees Lëtzebuerger op dëse sportlech Evenementer, fir d'Matcher, d'Atmosphär an nei Regiounen z'entdecken an ze erliewen.

RTL sicht elo genee dës Leit, déi aktuell an engem vun den dräi oder eventuell esouguer an deenen dräi Länner ënnerwee sinn, fir d'Matcher live am Stadion ze suivéieren.

Wann Dir eis Är Impressiounen an engem Interview wëllt matdeelen, da maacht eis e Mail u red@rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO